Country CD-Tipp: The Wild Feathers - Greetings from the Neon Frontier

21.10.2018 - 14:30

Mat The Wild Feathers presentéiert de Ritchie iech haut seng perséinlech Neientdeckung.
21/10/2018 Country CD Tipp "the Wild Feathers"

The Wild Feathers ass eng Country-Rockband, déi 2010 zu Nashville vun de Frënn Ricky Young, Joel King an Taylor Burns gegrënnt gouf. Allen Dräi konnte se virdu schonn Experienz als Leadsänger a verschidde Gruppe sammelen. Kuerz no der Grënnung vu The Wild Feathers koum de  Gittarist Preston Wimberly an den Drummer Aaron Spraggs derbäi, deen awer schonn e  Joer méi spéit duerch de Ben Dumas ersat gouf. Vun deem Moment u stoung de klassesche Line-Up, dee sech awer net bis Haut hale konnt. De Grond dofir ass de Preston Wimberly, deen d'Band 2015 verlooss hat. Zanterhier ënnerstëtzt de Multi-Instrumentalist Brett Moore d'Band, wa se op Tournée ginn.

Am Summer 2013 koum hiren Debutalbum, mam einfachen Titel „The Wild Feathers“ eraus, deen et bis op Plaz 1 vun den US-Heat-, a bis op Plaz 25 vun den US-Rockcharts gepackt hat.

Duerch dëse Succès goufe The Wild Feathers relativ dacks an déi  verschiddenst amerikanesch TV-Showen invitéiert, wou se all Kéiers den Titel „The Ceiling“ zum Beschte ginn haten.

Am Mäerz 2016 koum hiren zweeten Album „Lonely Is a Lifetime“ eraus, dee grad esou e Succès war, wéi säi Virgänger. Am selwechte Joer koum och den Album „Live at the Ryman“ eraus, mat deem si hir Live-Qualitéit ënner Beweis stelle konnten.

Elo steet da mat „Greetings from the Neon Frontier“ hiren neien a gläichzäiteg drëtte Studioalbum an de Butteker.



„Stand By You“, ee vun am Ganzen 10 Lidder aus dem neien Album „Greetings from the Neon Frontier“. Genee mat dësem Wierk hunn ech dës Formatioun aus deem schéinen Nashville fir mech entdeckt.

Bei dësem Song erkennt de Museksfan bestëmmt eng Ähnlechkeet mat der Musek vum Tom Petty. A genee esou geet e bei ville Songs op dësem Album. Ëmmer nees erënnere se een un de Sound vun anere grousse Kënschtler. En anert gutt Beispill dofir, ass den Titel „Wildfire, e Song dee grad esou gutt kéint vun der legendärer Formation „Eagles“ stamen.

Den Titel „No Man's Land“ erënnert mech perséinlech ganz staark un de Sound vu „Crosby, Stills, Nash & Young“.

Mat „Two Broken Hearts“ weise sech The Wild Feathers ganz am klassesche Country-Sound. Hammonduergel, Fiddel a Steel Guitar ginn dëser Ballade deen néidegen traditionellen Touch.

E Stéck dat staark akustesch ugehaucht ass, ass „Golden Days“. Wat mir bei dësem Stéck am beschte gefält, ass de perfekten Harmoniegesang vun der Band, deen an der Mëtt vun engem flotten E-Gittar-Soli ënnerbrach gëtt.  

Alles an Allem ass „Greetings from the Neon Frontier“ vu The Wild Feathers e flotten, ofwiesslungsräichen Album, un deem net nëmme Countryfans hir Freed dierften hunn.