Musek: Led Zeppelin 2

22.10.2018 - 05:15

© Atlantic Records
Haut virun 49 Joer kënnt bei Atlantic Records den 2. Album vu Led Zeppelin eraus.
22/10/2018 Musek: Led Zeppelin 2

Fir dat Wierk war een a punkto Numm richteg kreativ; Led Zeppelin 2. Net méi net manner, duerfir geet den Album awer als Virbereedung op den Heavy Metal an d'Geschicht an. Gruppe wéi Deep Purple a Van Halen hu sech an de Joeren duerno un der 2. Plack vun Jimmy Page, Robert Plant, John Paul Jones an John Bonham inspiréiert. Déi 9 Lidder kommen op 41 Minutten an 29 Sekonne Musek a goufen zu London, Los Angeles, New York a Vancouver opgeholl. Dat bekanntste Lidd aus Led Zeppelin 2 ass ouni Zweiwel Whole Lotta Love, wat och déi eenzeg Singleauskopplung deemools war. D'Lidd baséiert um Titel You Need Love vum Muddy Water aus dem Joer 1962 an ass mat Zitater aus dem 1966er Titel You Need Loving vun de Small Faces dekoréiert. Deen hautt weltberühmte Gittare-Riff geet natierlech op dem Jimmy Page seng Kap; hien hat d'Iddi scho fix am Kapp wéi hien an de Studio komm ass, duerno si sämtlech Effekter iwwereneegeluecht ginn, ënner anerem e Slide aus Metall an Reverse-Echo. Well d'Grupp keng 3-Minutte-Versioun vun Whole Lotta Love ophuele wollten, ass d'Lidd am Ufank vu villen amerikanesche Radioe boykottéiert ginn; 5 Minutten a 34 Sekonnen huet deemools net an de Schema vun de Radioe gepasst. Dowéinst hu verschidde Statioun e Stéck aus dem Solodeel erausgeschnidden. D'Nolauschterer hunn dat positiv opgeholl, Led Zeppelin manner an trotzdem huet d'Plackefirma eng 3-Minutte-Versioun op de Marché bruecht. Haut virun 49 Joer kënnt Led Zeppelin 2 offiziell eraus.