Nei op RTL: ZiBBZ- Rich

24.10.2018 - 05:15

© 6003 Records
Kënnt dir iech nach un d'Vertrieder aus der Schwäiz beim Eurovision Song Contest dëst Joer zu Lissabon erënneren? Dat war d'Grupp ZiBBZ.
24/10/2018 Nei op RTL: ZiBBZ - Rich

En Duo aus der Schwäiz, Brudder a Schwëster, d'Corinne kuerz Co an de Stee Gfeller, déi mat Stones zu Lissabon probéiert haten déi eenzel Länner z'iwwerzeegen, an der Halleffinall war awer Schluss. Déi nei Single Rich, fir déi et och schonn e flotte Video gëtt
ass erëm eng Kollaboratioun tëscht dem Duo an dem Laurell Barker, also déi selwecht Equipe déi scho fir Stones zesummegeschafft huet. Eng perséinlech Erfahrung vum Co, der Sängerin, an e bësse Kritik un der Gesellschaft kéinte villäicht dofir suergen datt Rich un de Succès vu Stones uknäppe kann, eventuell souguer dat ze toppen. ZiBBZ sinn iwwregens bei den MTV Europe Music Awards an der Kategorie Best Swiss Act nominéiert; ob se gewonnen hunn, fannt dir de 4. November eraus, da ginn d'Awards zu Bilbao verdeelt.