Nei op RTL: Scott Helman - Hang Ups

25.10.2018 - 05:45

© WEA International
Musek aus Kanada gëtt et an Tëschenzäit méi genuch, e Grond méi fir och mol nach sou bekannten Artisten eng Chance ze ginn.
25/10/2018 Nei op RTL: Scott Helman - Hang Ups

De jonke Mënsch deen ech iech haut matbruecht hunn, lauschtert op den Numm Scott Helman, ass 23 Joer jonk, ass 4 mol fir de kanadesche Grammy (Juno) nominéiert an ass am November am Virprogramm vum Vance Joy op Europa-Tournee. Säin éischt Lidd Bungalow gouf a senger Heemecht mat Platin ausgezeechent, déi lescht Single PDA krut Gold. De Bouf vun Toronto krut fir säin 10. Gebuertsdag eng Gittar geschenkt a mat 14 wousst de Scott datt hien e professionelle Museker wéilt ginn. Nëmmen e Joer méi spéit, also mat 15 Joer, ënnerschreift de Scott Helman en Deal mat Warner Musek Canada an zënter lo 4 Joer publizéiert de Singer-Songwriter Lidder op Youtube. Villäicht kritt hien eis mat Hang Ups vu sengem Talent iwwerzeegt.