Country CD-Tipp: Loretta Lynn – Wouldn't it be great

28.10.2018 - 14:30

Mat der Loretta Lynn huet de Ritchie iech haut eng Grande-Dame aus der Countrymusek matbruecht.
28/10/2018 Country CD-Tipp Loretta Lynn "Wouldn't it be great"

D'Loretta gouf de 14. Abrëll 1932 als Loretta Webb zu Butcher Hollow am Kentucky als Duerschter vun engem Mineur gebuer.  Am Alter vun nëmme 15 Joer hat d'Loretta sech mam 21 Joer alen Oliver Vanetta Lynn jr, och nach „Mooney“ oder „Doollittle“ genannt, bestued. Fir der Aarbecht an de Kueleminnen z'entkommen, ware si ganz fréi aus där Géigend fortgaangen. Mam Doolittle war si bis zu deem sengem Doud, am August 1996, zesumme bliwwen. D'Koppel hat sechs Kanner.

1961 hat d'Loretta sech decidéiert eng Karriär als Countrysängerin ze maachen, a schonn e Joer méi spéit stoung si op der Bühn vun der Grand Ole Opry zu Nashville. Hir éischt Single „Honky Tonk Girl“ konnt am Summer 1960 bis op Plaz 14 vun den US-Countycharts klammen. Hiren éischten Top-Hit hat si 1966 mat „Don't Come Home a Drinkin' (With Lovin' on Your Mind)“. Am selwechte Joer konnt si mat hirem 7. Album „You Ain't Woman Enough“, hiren éischte Bestselleralbum an de States feieren.

An hirer laanger Karriär huet d'Loretta Lynn 59 Studioalbumen opgeholl, sief et als Solistin oder zesumme mat Stare wéi Dolly Parton, Tammy Wynette, Ernest Tubb oder dem Conway Twitty, mat deem eleng si tëscht 1971 an 1981 net manner wéi 10 Albumen opgeholl hat, déi och alleguerten e grousse Succés kannt hunn. 4 dovunner waren e  Bestseller.

D'Loretta Lynn  huet weltwäit 45 Milliounen Albume verkaf, a konnt 24 Nummer 1-Hits feieren. Si ass en plus dee meeschtausgezeechente weibleche Countrystar an der Museksgeschicht.

Elo, am Alter vu 86 Joer, steet si mat hirem 41. Soloalbum an den Top 10 vun de Countrycharts.



„Wouldn't it be great“, den Titelsong vun der Loretta hirem fonkelneien Album. A sech hätt dësen Album scho sollen den 18. August 2017 erauskommen. E Mount virdru gouf awer offiziell matgedeelt, dass dëst Wierk eréischt 2018 géing erauskommen. De Grond dofir ware gesondheetlech Problemer. D'Loretta hat nämlech am Mee 2017 e Schlag kritt.

Elo ass den Album endlech do, an ass, wéi virdu scho gesot, e grousse Succès. Déi 13 Lidder um Album sinn eng Mëschung aus fonkelneie Lidder a sechs vun hire Klassiker, déi nei opgeholl goufen. Zwee dovunner goufe scho fir déi zweete Kéier nei interpretéiert, an zwar den Titelsong a „Coal Miner's Daughter“.

„Wouldn't it be great“ war 1985 eng éischte Kéier um Album „Just a Woman“ ze fannen, an 1993 hat si e mat den Dammen Dolly Parton & Tammy Wynett fir den Album „Honky Tonk Angels“ nei opgeholl.

„Coal Miner's Daughter“ war dann am Original den Titelsong vun hirem 1970er Album. Deen éischte Remake hat d'Loretta 2010 mat de Superstare Miranda Lambert & Sheryl Crow fir de Longplayer „Coal Miner's Daughter: A Tribute to Loretta Lynn“ nei interpretéiert.

Musikalesch gesinn, kommen d'Fans vun der Loretta Lynn, an déi vum gudden alen Honky Tonk-Country, voll op hir Käschten. Et héiert ee keng Sekonn laang der Loretta hiren héijen Alter un, si kléngt frësch a monter, eben esou wéi een dat vun dëser Grande-Dame gewinnt ass.

Wien op Blues steet, dee gëtt mam Titel „These Old Blues“ belount. E Song deen direkt an d'Ouer geet, grad wéi déi 12 aner Songs um Album „Wouldn't it be great“.

Hei elo den Titel „Coal Miner's Daughter“.