Country CD-Tipp: Pistol Annies – Interstate Gospel

11.11.2018 - 14:30

Den Dammentrio „Pistol Annies“ ass nees do, an de Ritchie huet direkt an hiren neien Album eragelauschtert. Miranda Lambert, Ashley Moore an Angaleena Presley heeschen d'Membere vum Country-Dammentrio „Pistol Annies“, deen 2011 zu Nashville gegrënnt gouf. Nach am selwechte Joer hate si hiren Debutalbum „Hell on Wheels“ presentéiert, vun deem den Titelsong als Single ausgekoppelt gouf. Den Album war ouni Problem op Plaz 1 vun de Countrycharts geklommen, a war deemno den Duerchbroch fir d'Pistol Annies.

Zu deem Zäitpunkt war d'Miranda Lambert deen eenzege grousse Star an der Band. D'Ex-Fra vum Countrystar Blake Shelton hatt tëscht 2001 an 2011 fënnef Albumen erausbruecht, an zanter 2005 gouf si regelméisseg fir grouss Präisser nominéiert, resp. ausgezeechent.

D’Ashley Monroe hat bis zu deem Zäitpunkt eréischt een Album erausbruecht. „Satisfied“, esou den Titel vun dësem Wierk, gouf de 15. Mee 2009 verëffentlecht. Den Album selwer hat d'Charts deemools verpasst. Am Abrëll vun dësem Joer koum mat „Sparrow“ hire véierte Studioalbum an d'Butteker.

D’Angaleena Presley stoung virun hirer Karriär mat de Pistol Annies éischter am Hannergrond. Si hat fir grouss Stare komponéiert, fir déi se och am Studio, resp. op der Bühn stoung. Eréischt 2014 koum mat „American Middle Class“ hiren Debutalbum eraus. D'lescht Joer ass hir Solo-Diskographie mam Album „Wrangled“ gewuess.



„Got My Name Changed Back“ ass déi éischt Singleauskoppelung aus de Pistol Annies hirem fonkelneien a gläichzäiteg drëttem Album. Den Titel vun dësem Song verréit schonn e bësse méi, well textlech gesinn, ass et e ganz perséinlechen Album. Op deene 14 Songs erzielen déi dräi Damme vun hirer perséinlechen Erliefnesser an dee leschte Joren, deen duerch Hochzäiten, Scheedungen a Grënnung vun neie Famillje markéiert gouf.

Dat waren och d'Grënn firwat d'Pistol Annies am Juni 2013 hir Tournée gestoppt, an hir Karriär fir onbestëmmten Zäit op Äis geluecht haten. Offiziell huet et geheescht: „Due to unforeseen circumstances“, also wéinst Ëmstänn, déi net viraus ze gesi waren.

Elo hunn d'Miranda, d'Ashley an d'Angeleena hir Problemer geléist an  hu se also an hirem neien Album verschafft.

Vill Kritiker feieren „Interstate Gospel“ elo schonn als den Album vum Joer. Wéi ech an déi 14 Songs eragelauschtert hunn, war ech och direkt Feier a Flam fir dëst Wierk. D'Damme weisen sech hei an Topform, an dat mat engem gudde Mix aus klasseschem a modernem Country, mat méi relaxen an och mol méi rockegen Téin.

Virdun hate mir mat „Got My Name Changed Back“ a méi e peppeschen Titel era gelauschtert, an elo si méi lues Téin ugesot, dat mat mengem Liiblingstitel aus dësem Album: „5 Acres of Turnips“.