Nei op RTL: Backstreet Boys - Chances

14.11.2018 - 05:15

© RCA Records Label
Highlight vum Joer! Dat stoung am Raum wéi d'Single Don't Go Breaking My Heart vun de Backstreet Boys erauskomm ass. Mat Chances setzen déi 5 Jongen, entschëllegt.... Männer, dann awer nach een drop.
Ënner anerem well keen anere wéi de Ryan Tedder vu One Republic an de Kanadier Shawn Mendes déi nei Backstreet Boys Single geschriwwen hunn a gläichzäiteg och de Video fir Chances publizéiert ginn ass.
Domat ass Chances schonn déi 2. Singleauskopplung aus dem neien Album DNA deen de 25. Januar d'nächst offiziell erauskënnt. Domat leien exakt 6 Joer tëscht der leschter Plack In A World Like This an eben dem neien Album DNA. Abee DNA ass dann och den A an den O vun dësem Album; fir déi nei Lidder huet nämlech all eenzel Bandmember säi Pefferkär dierfte bäileeën a vereenen esou perséinlech Aflëss mat der Experienz vun der Band. Neien Album heescht awer och Tour fir d'Backstreet Boys; den 11. Mee geet et a Portugal lass, kuerz drop sinn dann och 5 Concerten an Däitschland geplangt.