Eng Legend zu Lëtzebuerg - Part 2

29.11.2018 - 09:15

© AFP
Haut an enger Woch kënnt Dir an der Rockhal eng lieweg Legend live an Aktioun gesinn. De Nile Rodgers kënnt mat senger Band "Chic" op Lëtzebuerg. Mat där, an als Produzent fir sëllechen aner Artisten a Gruppe huet de Rodgers méi wéi 500 Millioune Placken a 75 Millioune Singele verkaaft. Den Tom Nols huet am Virfeld vum Concert mam Nile Rodgers geschwat, an ass ënnert anerem gewuer ginn, dass de Mann seng Gittar mat an d'Bett hëlt...
29/11/2018 Eng Legend zu Lëtzebuerg - Part 2

Hei kënnt Dir deen éischten Deel lauschteren: http://radio.rtl.lu/emissiounen/musek/2483620.html