Country CD-Tipp: Don Mescall – Lighthouse Keeper

18.11.2018 - 14:30

Haut geet  dem Ritchie seng Rees net op Nashville, mä op County Limerick an Irland. Vun do kënnt de Museker a Produzent Don Mescall.
18/11/2018 Country CD Tipp

Den Don Mescall wiisst, zesumme mat aacht Schwësteren an zwee Bridder, zu Ahane/Lisnagry am County Limerick an Irland op.

Scho ganz fréi entdeckt hien d'Musek fir sech, a gëtt eng Hällewull Concerten a Puben a Cluben duerch ganz Irland. Seng grouss Stonn schléit wéi hien als Opener fir de legendäre Richie Havens am „Mean Fiddler“ zu London engagéiert gëtt. Den Don start säin Optrëtt deen Owend mam Titel „Paradise“, deen hie kuerz virdu komponéiert hat. Wéi de Richie Havens dësen Titel héiert, ass hien esou begeeschtert dovunner, dass e „Paradise“ 2002 fir säin Album „Wishing Well“ ophëlt.

Vun deem Moment u gi sech vill grouss Stare bei him d'Klensch an de Grapp, fir vun him Songs komponéiert ze kréien. Op der Lëscht vu senger Clientèle fënnt een esou grouss Nimm wéi z.B.: Rascall Flatts, Lonestar, Sharon Corr, Lulu, Neal McCoy, Ronan Keating, Garou, Boyzone, Nathan Carter, Backstreet Boys a Gerri Halliwell. Ganz houfreg ass den Don dorobber, dass de Sir Cliff Richard e Song aus senger Fieder fir säin neien Album „Rise Up“ erausgesicht huet, deen d'nächst Woch eraus kënnt. Den Titel vun dësem Song ass iwwregens „There's One“.

Zanter 2005 huet den Don fënnef sougenannten EP'en an zwee Albumen ënnert sengem Numm erausbruecht. Am Februar 2017 gouf den Don Mescall mat engem „Irish World Lifetime Achievement Award“ an der Kategorie „Songwriting and Production“ zu London ausgezeechent. Am August vum selwechte Joer gouf hien an der Kategorie „Songwriter of the Year“ mat engem „Post Country Music Award“ ausgezeechent.



„Lighthouse Keeper“, den Titelsong vum iresche Museker Don Mescall sengem fonkelneien Album, deen eng gesond Mëschung aus relaxe Country a Singer/Songwriter-Songs ass.

Nëmme bei zwee, vun deenen am ganze 14 Lidder, ass den Don eleng ze héieren, an zwar bei „Lighthouse Keeper“ an „Home“. Bei deenen aneren 12 Lidder gëtt den Don Mescall vu Stare begleet, fir déi hien zanter Jore komponéiert. Mat derbäi sinn de britesche Countrysänger Nathan Carter bei der Ballade „Sunday Drive“. Mat der irescher Sängerin a Politikerin Frences Blake huet hien den akustesche Song „Look How Far We've Come“ opgeholl, dee fir mech perséinlech ee vun den Highlights op „Lighthouse Keeper“ ass.

Och nach derbäi si Museker wéi Brian Kennedy, Paul Brady, Christy Dignam a Stella Parton. Also alles Nimm, déi hei an eiser Géigend net esou bekannt sinn. Aneschters ass et awer mam Numm vun der irescher Sängerin Sharon Corr, déi een Deel vun der Familljeeband „The Corrs“ ass. D'Sharon stoung zesumme mam Don fir den Titel „Stormy Weather Friend“ am Studio.

Den Album gefält  mir perséinlech ganz gutt, an dat net nëmme musikalesch. Och dem Don seng Stëmm, déi mech iwwregens ganz staark un déi vum Coldplay- Sänger Chris Martin erënnert, hu mech iwwerzeegt.

Wie sech hei awer e rockege Countryalbum erwaart, dee wäert enttäuscht ginn. „Lighthouse Keeper“, ass éischter en Album fir all déi, déi méi roueg Téin ze genéisse wëssen. Nëmme bei dräi Songs hieft den Don den Tempo ganz diskret, esou z.B. bei „Love me right now“, e Song dee vu Mariachi-Kläng begleet gëtt. Duettpartnerin bei dësem Ouerwuerm ass déi amerikanesch Countrysängerin Stella Parton, an dat ass déi jéngst Schwëster vun der legendärer Country-Diva Dolly Parton.