Country CD-Tipp: Kane Brown – Experiment

25.11.2018 - 14:30

Haut presentéiert de Ritchie iech mam Kane Brown eent vun de ganz grousse jonken Talenter vun Nashville. Säin neien Album heescht „Experiment“. De Kane Brown gëtt den 21. Oktober 1993 zu Chattanooga am Tennessee gebuer. Well seng Mamm säin afroamerikanesche Papp ganz fréi verléisst, verbréngt hie seng Kandheet op deenen ënnerschiddlechste Plazen, esou z.B. zu Rossville, Fort Ogletorphe a La Fayette am Georgia, a schliisslech zu Red Bank am Tennessee. Et goufen esouguer Zäiten, an deenen hie mat senger Single-Mamm als „Homeless“ op der Strooss gelieft huet.

De Kane wiisst mat Countrymusek op, lauschtert während senger Zäit an der Mëttelschoul och gären R&B. An awer gëtt et schliisslech d'Countrymusek, déi säi musikalesche Goût dominéiert. Nodeems hien an der Schoul bei engem Gesangsconcours mat enger Interpretatioun vum Chris Young sengem „Gettin' You“ gewënnt, steet fir de jonke Kane fest, dass hie wéilt professionelle Countrymuseker ginn.Doropshi partizipéiert hien esouwuel bei „American Idol“, wéi och bei „X-Factor“. Kuerz duerno fänkt hien u Coverversioune vu grousse Countrystaren op youtube ze posten, déi e grousse Succès ginn.  Duerch dëse Succès kritt de Kane Brown e Plackekontrakt. No e puer Singlehits an zwee Minialbumen, geet de Kane Brown am Summer 2016 am Virprogramm vum Country-Duo Florida Georgia Line op grouss Tournee. Am Dezember vum selwechte Joer kënnt säin Debutalbum mam einfachen Titel „Kane Brown” eraus, dee bis op Plaz 1 vun de Countrycharts klëmmt.



„Homesick“ war zesumme mat „Short Skirt Weather“ a „Good as you“ schonn e puer Méint virum neien Album „Experiment“ als Digital-Versioun publizéiert ginn. Déi éischt sougenannte Radio-Single heescht „Lose it“, an déi ass, grad wéi den Album, e mega Succès an de States. Den Album ass an der éischter Woch esouwuel op Plaz 1 vun de Country-, wéi och vun de Popcharts geklommen. Den Titel „Lose it“ huet an der selwechter Woch d'Country-Singlecharts getopt.

De Kane huet de Gros vun deenen am ganzen 13 Lidder selwer geschriwwen. Eent vun deene wichtegste Lidder fir hien ass „American Bad Dream“. Dëse Song handelt vum sougenannten „2017 Las Vegas Shooting“, bei deem 58 Mënschen hiert Liewe verluer haten. Eng grouss Inspiratioun fir dëse Song ze schreiwen, hat hie bei senger Groussmamm fonnt, déi fréier e „Police Detective“ war.
De Produzent Dann Huff ass och fir deen neien Album vum Kane Brown responsabel. De Kane sot iwwert dëst Wierk, dass hien en neie Sound wéilt virstellen, e Sound dee méi energesch ass.
Dat ass him och gutt gelongen, muss ech soen. Heiansdo héiert een och eng Pouz Soul am neie Sound eraus. Am groussen a Ganzen ass et awer e gelongenen a liewege Countryalbum. Mol méi aktuell am Sound, dann awer och mol méi Honky Tonk-Méisseg wéi bei „Short Skirt Weather“.
Mäi Favorit ass déi aktuell Single „Lose it“.