Country CD-Tipp: Terri Clark – Raising the Bar

02.12.2018 - 14:30

El geet dem Ritchie seng musikalesch Rees an den héigen Norden, an zwar bei déi kanadesch Country-Sängerin „Terri Clark“.
02/12/2018 Country CD-Tipp: Terri Clark- Raising the Bar

D'Terri Clark gehéiert zu deene ganz grousse weibleche Countrystaren an hirer kanadescher Heemecht. Schonn hir Grousselteren „Ray & Betty Gauthier“ ware grouss Countrystaren a Kanada, si hunn esouguer am Virprogramm vu Gréisste wéi Johnny Cash oder George Jones gespillt. Dem Terri seng Mam war eng Folksängerin, déi regelméisseg a Coffee-Shops gespillt huet. Si war et och, déi hirer Duerschter eng Gittar geschenkt huet, op där si sech da selwer geléiert huet spillen.

Där 50 Joer aler Sängerin aus Montreal hir musikalesch Heldinne ware vun Ufank u Stare wéi Reba McEntire,  Judds a Linda Ronstadt. Genee dës Musekerinnen hunn och hiren eegene Sound markéiert: New Country mat traditionelle Wuerzelen, gewierzt mat Gitarr-Rock.

No der Highschool reest Terri 1987 op Nashville, wou et an der „Tootsie's Orchid Lounge“ e Kontrakt als sougenannten „Haus-Sängerin“ kritt. Obwuel et an deem Club grousse Succès huet, geléngt et him awer net e Plackekontrakt ze kréien. Eréischt wéi de President vu „Mercury Records“ d'Terri Live erlieft, duerf et 1994 bei deem Label virsangen. Am Summer '95 kënnt säin Debutalbum mam einfachen Titel „Terri Clark“ eraus, deen direkt e grousse Succès gëtt, dat esouwuel an de States, wéi och a Kanada. Vun deem Moment un taucht d'Terri regelméisseg an den Charts op, a gëtt an hirer Heemecht dacks mat grousse Präisser ausgezeechent.



Véier Joer laang huet d'Terri seng Fans waarde gelooss, bis et elo endlech mat „Raising the Bar“ een neien Album erausbréngt, dee sech, wéi den Titel et scho verréit, haaptsächlech mam Thema „Baren“ auserneesetz. An all deene Jore loung d'Kanadierin awer net op der fauler Haut.

D'Terri ass schonn en Zäitche Co-Animatrice an der „America's Morning Show“ um Radiosender „Nash FM“. De Mikro deelt et sech mat der populärer Animatrice Blair Garner a mam Countrysänger Chuck Wicks.  Am Abrëll 2016 léisst d'Terri den Alabama-Sänger Randy Owen als Animateur vun der Emissioun „Saturday Night Classic Country“, am Programm vum TV-Sender „Country Gold“ of.

Elo feiert d'Terri Clark mat hirem eeleften Album „Raisng the Bar“ e Comeback. Ech fannen, dass dat neit Wierk hir méi wéi gelongen ass, an dass et zanter sengem legendären Album „Pain in Kill“ vun 2003, net méi esou erfrëschend gutt geklongen huet.

De Gros vun deenen 12 nei Lidder si gelongene Country-Rock, esou wéi een et ebe vum Terri gewinnt ass. Vill Lidder dovunner hunn och Hit-Qualitéit, esou z.B. d'Balladen „Weddings, Funerals, and Empty Hotel Bars“ a „Bloody Mary Morning“.  

Meng kloer Favoriten op „Raising the Bar“ sinn ouni Zweiwel den Honky Tonk-Song „The One that go away”, am Duett mam Countrysänger Drake White, an déi aktuell Singleauskoppelung „Young ass we are tonight“.