Country CD-Tipp: Dan Fogelberg – The First Christmas Morning

09.12.2018 - 14:30

Déi nächst dräi Adventssonndeger presentéiert de Ritchie iech all Kéier ee vu senge Favoriten ënnert de Country a Folkalbume fir Chrëschtdag. Den Ufank mécht haut den amerikanesche Singer/Songwriter Dan Fogelberg.
09/12/2018 Country CD-Tipp: Dan Fogelberg – The First Christmas Morning

Den Dan gouf den 13. August 1951 zu Peoria am Ilinois als Daniel Grayling Fogelberg gebuer.  Déi meeschten Zäit vu sengem Liewen, hat hien awer an der Géigend vun Denver op senger Ranch an de Rocky Mountains gelieft. Genee do hat hien och de Gros vu senge Lidder geschriwwen, vun deenen der eng gutt Partie zu Evergreens avancéiert sinn. Virun allem an de 70er an 80er Joren hat den Dan Fogelberg ee Bestselleralbum nom aneren opgeholl, dorënner Wierker wéi „Souvenirs“, „Captured Angel“, „Nether Lands“, „Phoenix“ a „The Innocent Age“. Begleed ginn dës Albume vun Hits wéi „Same Old Lang Syne“, „Longer“, „Part of the Plan“, „Run for the Roses“, „Leader of the Band“ a „Magic Every Moment“.

Am Mee 2004 war beim Dan Fogelberg Prostate-Kriibs diagnostizéiert ginn. De 16. Dezember 2007 war hien un dëser Krankheet gestuerwen.

Ech hat déi grouss Chance den Dan Fogelberg 1999 Live ze gesinn, an zwar zu Denver, der Haaptstad vum Colorado. Am Summer vun deem Joer souz ech am ausverkaafte „Red Rock Amphitheater“ a konnt den Dan Fogelberg während enger dräistënneger One Man-Show Live erliewen. Den Dan ganz eleng ënnen op der Bühn, nëmme mat Piano oder akustescher Gittar derbäi, an am Hannergrond d'Skyline vun Denver, et war e fantastescht Erliefnes.

Hien hat och vun der Geleeënheet profitéiert, senge Fans säin neie Chrëschtalbum „The First Christmas Morning“ virzestellen, an hat zwee Lidder dorausser gespillt.  8.000 Fans ware méi wéi begeeschtert, an dat matten am Summer.



Wéi ee beim Titelsong mierkt, weist den Dan Fogelberg sech um Album „The First Christmas Morning“ ganz feierlech. Ech perséinlech komme bei bal kengem anere Chrëschtalbum esou a Chrëschtdagsstëmmung wéi bei dësem 14 Lidder staarke Wierk aus dem Joer 1999.

Den Dan Fogelberg huet sech hei u Mediaval, Barock a Renaissance- Melodien inspiréiert an och traditionell Lidder aus Irland a Skandinavien nei interpretéiert. Dorënner fënnt een esou feierlech Lidder wéi „I Saw Three Ships“, „In The Bleak Midwinter“ oder „Three Kings“. Mat derbäi sinn och esou bekannte Stécker wéi „What Child Is This?“ an „O Tannenbaum“. Seng Versioun vu „What Child Is This?“ ass fir mech déi schéinst, déi et gëtt, an dat huet näischt domadder ze dinn, dass ech e ganz grousse Fan vum  Dan Fogelberg sinn.

Ganz dezent a feierlech kléngt den Instrumentaltitel „Snowfall“, mat deem den Dan et fäerdeg bréngt, een an e Winter Wonderland z'entféieren. En aneren Instrumentaltitel ass „Yule Dance“, e Barock-Stéck vum Feinsten. Och ouni Gesang presentéiert den Dan sech mat „Winterskol“ a „Feast of Fools“.

Zwee Stécker op „The First Christmas Morning“ stamen aus senger eegener Fieder, an dat sinn den Titelsong an „At Christmas Time“.
Begleet gouf den Dan op dësem Album vun der „Santa Fé Desert Chorale“, déi dee berühmten Tëppelchen um i sinn. Opgeholl gouf dëst Wierk tëscht Mäerz '98 an Abrëll '99 an de „Mountain Bird Studios“ am Colorado.

Ech hunn iech en Titel erausgesicht, dee genee de Sound vun dësem wonnerbare Chrëschtalbum representéiert, an dat ass eng Eegekompositioun „At Christmas Time“.