Country CD-Tipp: Brett Young – Ticket To L.A.

06.01.2019 - 14:30

Fir säin éischte Country CD-Tipp fir dëst Joer huet de Ritchie iech deen neien Album vum Brett Young erausgesicht. De 27 Joer jonke Brett Charles Young ass am kaliforneschen  Anaheim doheem.

Op der Highschool gëtt dem Brett säi grousst Talent als Pitcher vun de Sportresponsabele vu verschidde Kaliforneschen Unien entdeckt. Domadder stoung enger Karriär als Profisportler eigentlech näischt am Wee, bis eng Blessur um Ielebou  him e Stréch duerch d'Rechnung mécht.

Deeselwechte Moment bréngt den amerikanesche Singer/Songwriter Gavin De Graw säin Album „Chariot“ eraus, vun deem de Brett esou begeeschtert ass, dass en decidéiert sech nees méi Zäit fir d'Musek ze huelen, a vläicht esouguer eng Karriär an deem Beruff ze starten.

Op eege Fauscht produzéiert hien an deenen nächste Joren e puer Lidder, déi allerdéngs keng gréisser Spuren hannerloossen. Nodeems de Brett siwe Joer zu Los Angeles gelieft, an do säi Gléck probéiert hat, plënnert hien op Nashville, wou en am August 2015 e Plackekontrakt bei „Machine Label Group“ ënnerschreift.

Den 12. Februar 2016 kënnt dann déi sechs Titel staark „EP“ eraus, aus där och den Titel „Sleep Without You“ staamt, dee bis op Plaz 3 vun den US-Countrycharts klëmmt. Dësen Hit, an och déi aner fënnef Lidder aus där EP, fanne sech och um éischte Longplayer mam einfachen Titel „Brett Young“ erëm. Domadder geléngt dem Brett am Februar 2017 endgülteg de groussen Duerchbroch.



„Here Tonight“ ass déi éischt Singleauskoppelung aus dem Brett Young sengem zweeten Album „Ticket To L.A.“. Co-Auteur vun dësem rhythmeschen Ouerwuerm ass de Lady Antebellum-Member Charles Kelly.

Gouf dem Brett Young säin éischten Album virun zwee Joer nach vu Balladen dominéiert, esou huet hien déi Kéier den Tempo rapid an d'Luucht geschrauft. An awer bleift en textlech de Liebeslidder trei. De Brett beweist op dësem Wierk, dass een och sougenannten „Happy Love Songs“ schreiwe kann, also méi peppesch a positiv Liebeslidder mat Partystëmmung-Garantie.

Bei 10 vun deenen am Ganzen 13 Lidder op „Ticket To L.A.“, war de Brett Young als Co-Auteur aktiv. Dobäi gouf hie vun enger ganzer Rei renoméierte Songwriter vun Nashville ënnerstëtzt. Esou z.B. vum Gavin De Graw, mat deem hien den Titel „Chapters“ och am Duett séngt.

Den Album „Ticket To L.A.“ ass och e grousse Succès an de States, en huet et bis op d'Spëtzepositioun vun de Countrycharts gepackt. Säin Debutalbum stoung virun zwee Joer nëmmen op Plaz 2.

Et däerf ee gespaant sinn wéi vill Singlehits aus dësem Wierk nach ausgekoppelt ginn. Bal all Song huet Hitpotential, esou och den Titelsong „Ticket To L.A.“.