Country CD-Tipp: A Star is born (Soundtrack) – Lady Gaga & Bradley Cooper

13.01.2019 - 14:30

Haut stell de Ritchie iech nach eng Kéier de Soundtrack vum Film „A Star is born“ vir, an dat huet och e bestëmmte Grond. An dat ass deen, dass een Titel aus deem Film d'lescht Woch mat engem Golden Globe ausgezeechent gouf. Mä dozou komme mir méi spéit.
„A Star is born“ ass schonn deen drëtte Remake vum Original aus dem Joer 1937. Deemools konnten d'Janet Gaynor an de Fredric March an den Haaptrollen iwwerzeegen.1954 waren et d'Judy Garland an den James Mason, 1976 d'Barbra Streisand an de Kris Kristofferson, an am aktuelle Remake d'Lady Gaga an de Bradley Cooper.

Mat „A Star is born“ gëtt den amerikanesche Schauspiller Bradley Copoer säin Debut, souwuel als Regisseur, wéi och als Museker. Dernieft war hien och als Produzent aktiv.

Fir d'Lady Gaga ass et keng Première als Schauspillerin, well si stoung scho fir e  puer Episoden an der TV-Serie „American Horror Story“ virun der Kamera.

Egal wéi et och ass, d'Lady Gaga weess hei als Schauspillerin, an de Bradley Cooper als Museker z'iwwerzeegen. An de Beweis fir hir Qualitéite gouf et leschte Sonndeg bei de 76. Grammy Awards am Beverly Hilton Hotel zu Beverly Hills.  Den Titel „Shallow“ gouf mat engem Golden Globe an der Kategorie vum beschte Song ausgezeechent. De Film selwer war och an der Kategorie vum beschte Film – Drama nominéiert, souwéi de Bradley Cooper als beschte Regisseur a beschten Haaptacteur an engem Drama, an natierlech d'Lady Gaga als Haaptactrice an engem Drama.

Déi sechsfach Grammy- Gewënnerin Stefani Joanne Angelina Germanotta, alias Lady Gaga konnt awer e Golden Globe mat Heem huelen, well si hat den Titel „Shallow“ zesumme mam Mark Ronson, Andrew Wyatt an Anthony Rossamondo fir de Film „A Star is born“ geschriwwen.

Et däerf ee gespaant sinn, op d'Lady Gaga, de Bradley Cooper an natierlech hire Filmsuccès dëst Joer fir deen een oder aneren Oscar nominéiert, respektiv ausgezeechent ginn. Do musse mir eis nach bësse gedëllegen, wëll wien alles nominéiert gëtt, dat gi mir eréischt den 22. Januar gewuer.




De Soundtrack ass an Zesummenaarbecht mat ville Staren aus der Countrymusek entstanen, esou z.B mam Jason Isbell an dem Lukas Nelson, also dem Bouf vum Willie Nelson.  De Lukas ass am Film och als Member vun der Formatioun „Coopers Band“ ze gesinn an natierlech och ze héieren. Dernieft war hien als Musikalesche Consulting fir de Bradley Cooper aktiv.

De Gros vun de Lidder um Soundtrack, stamen aus der Fieder vun der Lady Gaga, déi hei, mat enger Rei Co-Auteuren, eng excellent Aarbecht geleescht huet. Rock, Pop a Country ginn Hand an Hand duerch dee ganzen Album,  a mat der Edit Piaf hirem „La vie en rose“, gëtt et e Leckerlie aus der gudder aler Zäit vum Chanson. Hei gëtt dëse Klassiker allerdéngs vun der Lady Gaga interpretéiert.

D'Lady Gaga an de Bradley Cooper hu sech d'Songs um Album gutt ënnerteneen opgedeelt. Dat heescht, dass béid Kënschtler sech souwuel Solo, wéi och als Duo op „A Star is born“ presentéieren.

D'Kritiker ware voller Luef fir de Film, an och de Soundtrack. De Schauspiller a Regisseur Sean Penn  huet „A Star is born“ als ee vun de beschte Filmer bezeechent, déi an deene leschte Jore gedréit goufen.

D'Barbara Schweizerhof hat an der Filmzäitschrëft „epd Film“ geschriwwen, de Bradley Cooper géif sech als erstaunlech begaabt, jo souguer charismatesche Sänger presentéieren, an d'Concert-Zeene wier mat vill Gefill fir d'Atmospär gefilmt ginn. Iwwert d'Lady Gaga sot se, dass se schauspilleresch z'iwwerzeege wéisst.

Déi éischt Singleauskoppelung aus dësem ganz interessante Country-Soundtrack, ass den Titel „Shallow“, dee jo vum Lady Gaga a Bradley Cooper am Duett gesonge gëtt, an, grad wéi de ganze Soundtrack, och ouni Problem d'Charts weltwäit stierme konnt. Jo, a leschte Sonndeg gouf et dann e Golden Globe fir den Titel „Shallow“.