Country CD-Tipp: Cassadee Pope – Stages

10.02.2019 - 14:30

7 Joer nodeems d'Cassadee Pope déi amerikanesch Editioun vu „The Voice“ gewonnen  huet, steet elo mat „Stages“ säin zweeten Album an de Butteker. De Ritchie mat den Detailer. D'Cassadee Pope gouf den 28. August 1989 zu West Palm Beach am Florida gebuer, wou et schonn als Kand an der „St. An School Jazz Band“ gesongen huet.

Méi spéit grënnt et an der „Wellington Christian School“ mat hirem gudde Frënd Mike Gentile d'Band „Blake“, déi awer schonn ausernee fält ier se iwwerhaapt richteg gestart huet. 2008 grënnt d'Cassadee  zesumme mam Mike Gentile, Alex Lipshaw, Michael „Jersey“ Moriarty an Elliot James d'Formatioun „Hey Monday“, mat där et nach am selwechte Joer den Album „Hold On Tight“ ophëlt, deen e Succès an de States a bei den Australier gëtt.

Dernieft ass d'Cassadee ëmmer nees als sougenannte Special-Guest bei aner Projeten derbäi. Sou spillt et z.B. a „Fall Out Boy“ hirem Video „America's Sweetheart“ mat. Mat dëser Band ginn Hey Monday schliisslech och op grouss Tournee.

2012 presentéiert d'Cassadee sech dann eng éischte Kéier als Solistin a geet op Tournee laanscht d'Ost a West-Küst vun den USA. Am Mee vum selwechte Joer kënnt eng EP eraus, op där ee véier ganz flott akustesch Stécker fënnt. Säi grousse Moment kënnt awer eréischt wéi et 2012 d'Gewënnerin vun der 3. Saison „The Voice“ gëtt. D'Joer drop gëtt säin Debutalbum „Frame by Frame“ e Bestseller an den USA.



„Take you home“ ass déi éischt Single aus dem Cassadee Pope sengem neien a gläichzäiteg zweeten Album, deen den 1. Februar presentéiert gouf. Dëse Song an och déi rezent Single „One More Red Light“ koume schonn d'lescht Joer eraus. Ech denke mir, dass et och drop an drun ass, dass en neie Song ausgekoppelt gëtt. Do dierft de Choix allerdéngs net einfach ze sinn, well déi 11 Lidder op „Stages“ hunn alleguerten Hitpotential. Hei presentéiert d'Cassadee nees eng Kéier e flotte Poppesche Country- Album, dee mat Sécherheet e  grousse Succès wäert ginn.

Wat d'Schreiwe vun dësem Album ugeet, seet d'Cassadee: „Ech weess wierklech net, wéi et ouni dësen Album a mengem Liewe weider gaange wier. An de Vergaangenheet hunn ech Placken opgeholl, vun deenen ech duecht, dass jidderee sech domadder befaasse kéint. Dës Kéier hunn ech net driwwer nogeduecht. Ech wollt eng éierlech Geschicht iwwert mäi Wee a meng Perspektiven doriwwer erzielen, wéi ech op d'Liewen zougaange sinn, an der Hoffnung, dass de Message jiddereen areecht, deen eventuell selwer Hëllef op sengem stengege Wee bréicht.“

Ech fannen dat natierlech eng interessant an och éierlech Ausso vun dëser talentéierter Sängerin, déi mat Sécherheet um gutt Wee ass ee vun de grousse jonke, weibleche Countrystaren ze ginn.   

Special Guests ginn et och op „Stages“: bei „Distracted“ sinn et déi Damme RaeLynn, Lauren Alaina a Lindsay Ell. Bei „If my heart had a heart“ ass et den Dan + Shay-Member Shay Mooney.