Haut op Helleg Owend presentéiert de Ritchie Iech natierlech e Chrëschtdags-Countryalbum, an dat ass deen neie vun der Reba McEntire. Den Titel ass „My Kind Of Christmas“:
Wat d'Sia, d'Mariah Carey an all déi aner kënnen, kann d'Gwen Stefani scho laang!
Déi lescht Joer war et relativ schwéier laanscht den Numm Sia an den Charts ze kommen. Déi australesch Sängerin probéiert dëst Joer ob et och mat Chrëschtdagsmusek geet.
Me and Mrs. Jones, de Klassiker vum Billy Paul - haut mol an enger anerer Versioun ...
Zwee Joer no sengem Bestselleralbum „Kill The Lights“ geet de Luke Bryan elo mat sengem neie Wierk „What Makes You Country“ un den Depart. De Ritchie Rischard mat den Detailer.
21 Joer jonk a schonn an internationalen Hitparaden ze fannen. D'Tyra ass hei zu Lëtzebuerg op d'Welt komm, huet an Éisträich Musek studéiert a schafft vu München aus u senger Karriär. Grond genuch fir déi jonk Sängerin an de Studio ze ruffen.
De Felix ass vu Bréissel, krut den 30. November 24 Joer an ass an Zwëschenzäit sou zimlech iwwerall an Europa bekannt.
Nächste Mount, also d'nächst Joer, brénge Fall Out Boy hire 7. Album eraus.
D'Famill Popolski - eng Coverband ? Kabaret ? Eng richteg Famill ? Froen iwwer Froen ... De Gibbes misst eis da säi "coup de coeur" vun haut mol méi genee erklären
Haut presentéiert de Ritchie eis mat „A Tribute To Dan Fogelberg“ e méi wéi intressanten Album.
An der Pop History vun haut dréint sech alles ëm déi franco-kanadesch Sängerin Mylène Farmer, Yann Logelin:
Haut ass deen neie Best of vum Francis Cabrel erauskomm, mat deem seng 40 Joer Carrière gefeiert ginn: Francis Cabrel - L'Essentiel 1977-2017
Lëtzebuerg, Paräis, Aix-en-Provence. Dat sinn dräi wichteg Statiounen an der Geschicht vum Projet dNES, engem Duo, dee sech am Studio mat talentéierte Sänger verstäerkt. De Philippo an den Joe hunn eis hiren éischten Album NEED matbruecht a gezielt, wéi si hir Leidenschafte fir Musek an Text matenee kollidéiere gelooss hunn.
Den Atelier annoncéiert haut fir 2018 de Concert vun enger Ikon aus der Pop-Musek am Grand-Duché. Den ex-Batteur vun de legendäre Beatles kënnt de 4. Juli mat senger All Starr Band an d'Rockhal. Mir hunn nach emol kuerz de Portrait vum Richard Starkey gezeechent an déi zwee éischt Tickete verspillt.
"Der Däiwel" alias Jeff Seyler - Rapp'n'Roll made in Lëtzebuerg
Country oder net Country, dat ass eng Fro déi de Ritchie sech eng Kéier méi iwwert de Kid Rock gestallt huet.
Déi iresch Rockband ass eng vun deene wéinegen, déi no enger Carrière vu méi ewéi 40 Joer nach ëmmer ka mat virbäi sinn. Op déi laang Erfahrung spille si och mam Titel vun hirem neien Album un.
Sing, Sing, Sing !
Mat „The Rest Of Our Life“ presentéiert d'Koppel Tim McGraw a & Faith Hill hiren éischten Album als Duo. De Ritchie mat den Detailer...
Op der EP "De Pascal spillt Musik" weist de Pascal Alff, wéi am héijen Norde Musek gemaach gëtt. De Punk-Rocker ass bekannt als Stëmm vun der Band Weakonstruction, mä fillt sech och alleng mat akustescher Gittar a Mikro wuel. Hie war bei eis am Studio fir iwwer säi Solo-Projet ze schwätzen.