One For The Road: Wankelmut & Björn Dixgard - I Keep Calling

13.10.2017 - 17:35

© SMD / fine.
Wankelmut; den DJ a Produzent vu Berlin huet sech nawell gutt bei Sony Music agelieft.
13/10/2017 Wankelmut & Björn Dixgard - I Keep Calling

De Summer iwwer konnt ee seng Single Almost Mine mat Charlotte OC praktesch iwwerall an Europa héieren. Fir datt een de Jacob Dilssner an de Wanterméint net vergësst, kënnt elo eng Single zesumme mam Björn Dixgard vu Mando Diao eraus. D'Lidd hunn déi zwee Artisten zesumme geschriwwen a sou wéi et ausgesäit, schéngt déi Mëschung aus Rock an Elektro opzegoen. Haut (13. Oktober 2017) kënnt de Radio Edit offiziell eraus, méi spéit soll dann och nach e Set mat Remixer vun ënner anerem Boris Dlugosch, Fat Sushi an dem Wankelmut selwer erauskommen.