One For The Road: Milow - Don't Turn Around

20.10.2017 - 17:35

© Island Records
D'nächst Joer bréngt de Jonathan Vandenbroeck säi 6. Album eraus....
20/10/2017 Milow - Don't Turn Around

D'Fans wësse Bescheed et geet hei ëm de Milow. Säi leschten Album ass vu virun engem Joer, Modern Heart, eng éischt Single aus dem nächste Wierk konnt dir dëst Joer am Summer kenneléieren, Summer Days. Déi 2. Single gëtt dann eng Coverversioun. Den Original ass aus der Fieder vum Albert Hammond an Diane Warren a gouf 1986 eng éischte Kéier vum Tina Turner erausbruecht. Don't Turn Around war d'B-Säit vun Typical Male. E bësse méi bekannt waren dann d'Versiounen vun Aswad 1986 an Ace Of Base 1994. Fir den typesche Milow-Sound war de Michael Geldreich an de Jo Francken zoustänneg déi scho bei ville Lidder vum belsche Museker matgewierkt hunn. E Klassiker nei erfonnt!