One For The Road: Judah & The Lion - Suit and Jacket

10.11.2017 - 17:35

© Cletus The Van Records
Wie sech an de leschte Joer a Mumford & Sons verléift huet an haut ongedëlleg op nei Musek vum Marcus Mumford waart, dee fënnt eventuell an dësem One For The Road säi Gléck. Soubal een déi éischt Téin vun engem Judah & The Lion-Lidd héiert, mengt een et wier een am Mumford & Sons-Univers. Dofir ginn et direkt e puer plausibel Grënn wéi zum Beispill de Banjo. Gutt, dee war bei der Grupp aus England net méi sou dacks am Asaz, ma d'Manéier wéi e bei Judah & The Lion agesat ass, erënnert staark drun. An och wéi verschidde Lidder opgebaut sinn; eng laang Montée an da lues awer sécher een Instrument nom aneren, bis dann déi charismatesch Stëmm vum Judah Akers asetzt. Alleng dës 2 Grënn ginn duer fir Parallelen tëscht der Amerikanescher Band vun Nashville a Mumford & Sons ze zéien. Den Judah Akers a seng 5 Kollege maachen zënter lo 6 Joer Musek an hunn dëst Joer am Mäerz hiren 2. Album Folk Hop N' Roll op de Marché bruecht. Garantéiert eppes fir jiddereen deen eppes mat Americana, Folk, Country, Rock oder Bluegrass unzefänke weess.