One For The Road: Linkin Park - Crawling

17.11.2017 - 17:35

© Warner Bros. Records
5 Méint nom Doud vum Chester Bennington bréngt Linkin Park de Live-Album One More Light Live eraus. Am Fréijoer, respektiv am fréie Summer, war d'Grupp nach ënnerwee fir hir aktuell Plack One More Light hire Fans ze presentéieren. Haut sinn dem Chester seng Kollege sech zimlech sécher datt déi lescht Tournee déi Bescht gewiescht wier. Ëmmer nees hätt den Chester der Crew Merci gesot, ouni Déi, sou d'Grupp, hiren Dram ni an Erfëllung hätt kënne goen. Och d'Grupp selwer hat sech op dëser Tournee op en Neits fonnt; virun all Concert goufen d'Käpp beienee gestreckt an iwwer den aktuelle Gefillszoustand geschwat. De 15. Dezember kënnt de Live-Album One More Light Live an d'Butteker. Ënnert de 16 Lidder fënnt een nieft de méi neie Stécker wéi Heavy a One More Light natierlech och Klassiker vun In The End, iwwer Numb bis bei Crawling bei deem den Chester Bennington nëmme vun engem Piano begleet ginn ass...

D'Originalversioun vu Crawling



Tracklisting ONE MORE LIGHT LIVE

1. Talking To Myself
2. Burn It Down
3. Battle Symphony
4. New Divide
5. Invisible
6. Nobody Can Save Me
7. One More Light
8. Crawling
9. Leave Out All The Rest
10. Good Goodbye (feat. Stormzy)
11. What I’ve Done
12. In The End
13. Sharp Edges
14. Numb
15. Heavy
16. Bleed It Out