One For The Road: Luis Fonsi & Demi Lovato - Échame la culpa

15.12.2017 - 17:35

© UMI/ Universal Records / Universal Latino
De Luis Fonsi hat eis ee vun de Summerhits 2017 geliwwert. Despacito hei, Despacito do an dat entweder mat oder ouni Justin Bieber. Sou weess een also datt de Puerto Ricaner mat amerikanesche Kënschtler eens gëtt an ee sech denke kann datt de Luis dat bestëmmt nach eng Kéier probéiert. Richteg geduecht! De Wanter kéint e bësse summerlech gi well de Luis presentéiert mat Échame la Culpa zesumme mam Demi Lovato den Despacito-Nofolger. Ob de Video genee sou vill Succès huet wéi säi Virgänger ass elo nach schwéier ze soen; ëmmerhin ass Despacito de meeschtgekuckte Video vun der Welt. A wat heescht eigentlech Échame la Culpa? Ma sou vill wéi "Gëff mir d'Schold."