One For The Road: Tom Walker - Leave A Light On

27.12.2017 - 17:35

© Relentless Records
Den Tom Walker ass vu Manchester, mécht Musek an huet dëst Joer an de States den Duerchbroch gepackt. Dat mat senger Single Just You & I déi richteg gutt bei den Amerikaner ukomm ass, en plus war de Museker lo am November mat The Script op Tournee an den USA. Mat der nächster Single Leave A Light On kéint den Tom Walker dann och den Duerchbroch hei an Europa packen! Firwat? Ma well e gewëssene Steve Mac gehollef huet, dee Mann huet Shape Of You vum Ed Sheeran produzéiert a fir de Video gouf den Charles Mehling engagéiert dee scho mat The Script, Paolo Nutini, Olly Murs an Emeli Sandé geschafft huet.