One For The Road: Merk & Kremont feat. DNCE - Hands Up

11.05.2018 - 17:35

© Universal Music Group
3 Joer sinn et hir datt d'Jonas Brothers, deemools awer ënnert dem Numm DNCE, d'Leit ronderëm de Globus begeeschtert haten. Allerdéngs ass no Cake By The Ocean net méi vill nokomm. Dat kéint sech dëse Summer änneren. Den italieneschen DJ-Duo Merk & Kremont vu Mailand huet sech nämlech dëst Joer op de Fändel geschriwwen e Summerhit ze landen. Mä wat hunn de Federico Mercuri an den Giordano Cremona mat den Jonas Brothers ze dinn? Eigentlech net vill, ausser datt déi 2 zesumme mat DNCE hiren neien Titel Hands Up opgeholl hunn. Geet jo awer schonn duer fir eng Connectioun. Ob elo Merk & Kremont oder DNCE mat der Iddi fir d'Lidd geschäert komm sinn, ass net sou richteg gewosst, ma et geet ee staark un den Hit Cake By The Ocean vu virun 3 Joer erënnert.