Pop History: Joan Jett & The Blackhearts – I Love Rock'n'Roll

20.03.2017 - 11:50

Eng vun den typesche Rock-Nummeren aus den 1980er steet haut um Programm vun eiser Pop History, Yann Logelin:
20/03/2017 Pop History: Joan Jett & The Blackhearts - I Love Rock'N'Roll

Wat war soss nach lass?

1965 gewënnt d'France Gall zu Neapel mam Titel „Poupée de cire, poupée de son“ de „Grand Prix Eurovision de la chanson“ fir Lëtzebuerg. Komponist vun dësem Titel ass de Serge Gainsbourg.

1969 bestit den John Lennon zu Gibraltar d'Japanerin Yoko Ono, dat aacht Joer méi al ass wéi hien. D'Beatles-Fans sinn net begeeschtert.

1991 ënnerschreift de Michael Jackson en neie Plackekontrakt mat „Sony“. Dee garantéiert him eleng fir säin nächsten Album „Dangerous“ en Acompte vun 18 Milliounen Dollar. Fir all weider Albume ginn him op mannst 5 Milliounen Dollar garantéiert. An dësem Kontrakt geet et och ëm Videoclips, Film an Merchandising-Produiten.

2011 stierft zu Wien den éisträichesche Museker Kurt Hauenstein am Alter vun 62 Joer un Häerzversoen. Hien ass engem virun allem als Grënner vum Projet „Supermax“ bekannt, deem 1978 mat „Lovemachine“ e groussen Hit gelonge war.

Gebuertsdagskanner:


Carl Palmer (67), engleschen Drummer vun ë.a. Chris Farlowe, Crazy World Of Arthur Brown, Atomic Rooster, Emerson, Lake & Palmer, P.M. an Asia. … 
Mosley Shelly Poole (45), zesumme mat hirer Schwëster Karen ass si den Duo „Alisha's Attic“. Si ass d'Duechter vum Sixties-Star Brian Poole. ...
Alex Kapranos (45) Sänger vun der schottescher Formatioun „Franz Ferdinand“. ...
Chester Bennington (41), Sänger a Gittarist vun der amerikanescher Formatioun „Linkin Park“.

Nummer 1-Hits vum Dag:

Smoke Gets In Your Eyes - Platters 1959/GB
Surrender - Elvis Presley 1961/USA
The Legend Of Xanadu - Dave Dee, Dozy, Beaky, Mick & Tich 1968/GB
Hot Love - T. Rex 1971/GB
Me And Bobby McGee - Janis Joplin 1971/USA
Oh Carolina - Shaggy 1993/GB
Santana - Maria Maria 2000/BRD
No Tomorrow - Orson 2006/GB
Aloes en danse – Stromae 2010/F
Break Your Heart – Taio Cruz feat. Ludacris 2010/USA
Don't Hold Your Breath 2011/UK

Nummer 1-Albume vum Dag:

Goldfinger - Soundtrack 1965/USA
Blue For You - Status Quo 1976/GB
The Gift - Jam 1982/GB
Performance And Cocktails - Stereophonics 1999/GB
Santana – Supernatural 2000/BRD
Langauge. Sex Violence. Other ?  - Stereophonics 2005/GB
Stadtaffe – Peter Fox 2009/BRD
Need You Now – Lady Antebellum 2010/USA
Rebel Heart – Madonna 2015/BRD