Pop History: Doop - Doop

19.03.2017 - 13:20

Haut beschäftegt sech de Yann Logelin an eiser Pop History mat engem vun de schrillsten  One-Hit-Wonderen aus den 1990er:
19/03/2017 Pop History: Doop - Doop

Wat war soss nach lass?

1953 gëtt d'Oscar-Zeremonie eng éischte Kéier op der Tëlee gewisen. Als beschte Film gëtt „Blackboard Jungle“ ausgezeechent. Duerch dëse Film war jo dem Billy Haley säin Titel „Rock Around The Clock“ weltberühmt ginn. Den Oscar fir de beschte Filmsong goung un de Komponist Dinitri Tiomik an den Texter Ned Washington fir den Titel „Do Not Forsake Me, Oh My Darling“ aus dem Western „High Noon“, mam Gary Cooper an der Haaptroll, deen och mat engem Oscar fir seng Aarbecht belount gouf.

1962 kënnt dem Bob Dylan säin Debut-Album eraus deen e Flop gëtt. Dorobber si Lidder wéi „Man Of Constant Sorrow“, „Highway 51“, „Freight Train Blues“ an „Talkin' New York“ vertrueden.

1974 änneren Jefferson Airplane hiren Numm, vun deem Dag un heeschen se Jefferson Starship. Méi spéit gëtt aus hine ganz einfach „Starship“.

1976 verloossen eis zwee bekannte Museker. De Free-Gittarist Paul Kossoff entschléift am Alter vun nëmme 25 Joer während engem Vole vu Los Angeles no New York, an den Uriah Heep-Bassist Gary Thain stierft am Alter vu 27 Joer un enger Iwwerdosis.

1982 kënnt de Randy Rhoads bei engem Fligeraccident ëm d'Liewen. De Gittarist vu Quiet Riot an dem Ozzy Osbourne gëtt nëmme 25 Joer al.

1996 kënnt déi Duebel Beatles-CD „Anthology 2“ eraus. Dorobber ass mat „Real Love“ en Titel vum John Lennon drop, dee vun deenen dräi nach liewege Beatles iwwerschafft gouf.

Gebuertsdagskanner:


Derek Longmuir (66), Bay City Rollers-Drummer. …
Wolfgang Ambros (65), „Liedermacher“ aus Éisträich. …
Ricky Wilson (64), B-52's-Gittarist (+12.10.1985). …
Bruce Willis (62), amerikanesche Museker a Schauspiller. … 
Pino Daniele (62),  italienesche Pop-Troubadour. Säi populäersten Hit an eiser Géigend war „Quando“ aus dem Joer 1991(+04.01.2015). …  
Terry Hall (58), Chef & Sänger vun der britescher Formatioun „Specials“. …
Lenka (39), alias Lenka Kripac, australesch Sängerin mat Hits wéi „The Show“, „Trouble Is A Friend“ an „Everything At Once“.

Nummer 1-Hits vum Dag:

Little Children - Billy J. Kramer 1964/GB
Mama Loo - Les Humphries Singers 1973/BRD
Doop - Doop 1994/GB
Bag It Up - Geri Halliwell 2000/GB
Walk This Way – Sugababes VS. Girls Aloud 2007/GB
On The Floor – Jennifer Lopez feat. Pitbull 2011/F

Nummer 1-Albume vum Dag:

The Massacre – 50 Cent 2005/USA
Corinne Bailey Rae - Corinne Bailey Rae 2006/GB