Pop History: Annie Lennox – Diva

21.04.2017 - 11:50

Viru 25 Joer steet d'Annie Lennox op der éischter Plaz an den engleschen Albumcharts. Dat mat hirem Album „Diva“, Yann Logelin:
21/04/2017 Pop History: Annie Lennox - Diva

Wat war soss nach lass?

1969 trieden d'Janis Joplin an d'Kozmic Blues Band an der Royal Albert Hall zu London op. D'Kritiker si sech méi spéit eens doriwwer, dass dat dee beschte Concert am Janis Joplin senger Karriär war.

1998 trennt sech d'Formatioun „Faith No More“ wéinst „Musikalesch Differenzen“. Si ware 15 Joer laang zesummen.

2003 stierft déi amerikanesch Jazz-Sängerin & Pianistin Nina Simone no laanger Krankheet a Südfrankräich am Schlof. Genee zwee Méint virdru war d'Eunice Kathleen Waymon, alias Nina Simone 70 Joer al ginn.

2008 verléisst eis den amerikanesche Soulsänger Al Wilson am Alter vun 68 Joer. Hien hat seng grouss Zäit an de 60er a 70er Joer, dat mat Hits wéi z.B. „The Snake“, „Poor Side Of Town“ oder „Show And Tell“.

2015 stierft den däitsche Schlagersänger Werner Leismann am Alter vun 78 Joer. Zesumme mat senger Schwëster war hien an de 60er a 70er Joren als Duo „Renate & Werner Leismann“ regelméisseg an den däitschen Charts ze fannen. Hire populäersten Hit dierft „Ein Schlafsack und eine Gitarre“ aus dem Joer 1973 ze sinn. Den 3. Februar 2016 ass och seng Schwëster Renate gestuerwen, si war 73 Joer al ginn.

2016 verléisst eis ee vun deene ganz Groussen, an zwar de Prince. De Prince Roger Nelson gouf nëmme 57 Joer al. No sengem Doud stoung hien nees mat ville Singlen an Albumen an den internationalen Charts, esou z.B. an Däitschland, do haten et siwen Albumen a véier Singlen posthum nees an d'Top100 gepackt. An den USA goufen an där Woch 4,41 Millioune Prince-Albume verkaf.

Gebuertsdagskanner:

Anthony Quinn (102), amerikanesche Schauspiller a Sänger, deen 1967 mat „I Love You, You Love Me“ en Top 30-Hit an Däitschland hat (+03.06.2001). … 
Robert Smith (58), Sänger, Gittarist, Komponist a Chef vun der englescher Formatioun „Cure“. …
Majoe (28) Duisburger Rapper, dee seng Wuerzelen awer zu Sri Lanka huet. Säin éischte Succès hat hien 2014 mam Album „Breiter als der Türsteher“. Hien ass och eng Hallschecht vum Duo „Majoe & Jasko“.

Nummer 1-Hits vum Dag:

Heartbreak Hotel - Elvis Presley 1956/USA
Twilight Time - Platters 1958/USA
Good Luck Charm - Elvis Presley 1962/USA
Tie A Yellow Ribbon Round The Old Oak Tree - Dawn 1973/GB & USA
Shame Shame Shame - Shirley & Co. 1975/BRD
Knock On Wood - Amii Stewart 1979/USA
Sun Of Jamaica - Goombay Dance Band 1980/BRD
Against All Odds - Phil Collins 1984/USA
Nothing Compares 2 U - Sinead O'Connor 1990/GB
The Hindun Times - Oasis 2002/GB
Give It To Me – Timbaland Feat. Nelly Furtado & Justin Timberlake  USA/2007
Waiting All Night  - Rudimental feat. Ella Eyre 2013/GB

Nummer 1-Albume vum Dag:


Billion Dollar Babies - Alice Cooper 1973USA
Footloose - Soundtrack 1984/USA
Behind The Mask - Fleetwood Mac 1990/GB
Casting Shadows – Wolfsheim 2003/BRD
Splitternackt – Andrea Berg 2006/BRD
Pink Friday: Roman Reloaded – Nicki Minaj 2012/USA
To Be Loved – Michael Bublé 2013/GB