Pop History: Happy Birthday Mark Volman

19.04.2017 - 11:50

Ganzer 70 Käerzen huet haut e gewëssene Mark Volman op sengem Gebuertsdagskuch. De Bob verréit iech duerch wéi eng Grupp een de Mark kenne kéint.
19/04/2017 Pop History

Do musse mir mol zeréck an d'60er Joer goen! An zwar méi genee an d'Joer 1967; dat Joer feieren THE TURTLES hire gréissten Hit mat HAPPY TOGETHER.

Cut

De Mark war awer och nach Deel vun THE MOTHERS OF INVENTION ronderëm de FRANK ZAPPA an zesumme mam HOWARD KAYLAN, och en Turtle, hat hien den Duo FLO & EDDIE gegrënnt.

Cut

De Museker, Gittarist, Keyboarder, Songwriter a Professer kennt den 19. Abrëll 1947 zu LOS ANGELES op d'Welt a grënnt am Alter vun 18 Joer d'Grupp THE TURTLES déi am Laf vun hirer Karriär am ganzen 8 Albummen erausbréngen, dee mam meeschte Succès 1967 HAPPY TOGETHER deen et bis op d'Plaz 25 vun den amerikaneschen Charts gepackt hat. Kuerz ier d'Grupp gegrënnt gouf, hat hien 1965 seng High School fäerdeg gemaach, et sollten awer nach 27 Joer vergoe bis de MARK VOLMAN sech op enger Uni ageschriwwen huet. 5 Joer méi spéit, 1997, krut de Sänger vun den TURTLES säin Diplom vun der LOYOLA MARYMOUNT UNIVERSITY. Déi Zeremonie gouf iwwregens op CBS gewise mat ënner anerem engem Interview mat sengen Elteren. De MARK VOLMAN, Grënner vun den TURTLES, kritt haut 70 Joer.
Wat war lass?

1980 stinn  nëmme Sängerinnen op deenen éischte 5 Plaze vun de „Billboard Country-Charts“: op der 5. steet Tammy Wynette, déi 4. ass fir d’ Emmylou Harris, déi bronze Medail geet un d'Debbie Boone, Sëlwer verdéngt sech d'Dottie West an d’Goldkand ass d’Crystal Gayle.

1980 gewënnt den Johnny Logan zu Den Haag mat „What's Another Year“ de Grand Prix Eurovision fir Irland. 1987 gewënnt hien dëse Concours nach eng Kéier, an zwar mam Titel „Hold Me Now“. Als Komponist begéint een den Johny Logan och zweemol beim Grand Prix: 1984 gëtt d'Linda Martin am „Terminal 3“ dat Zweet, an déi selwecht Sängerin gewënnt 1992 mat der Logan-Kompositioun „Why Me“.

1988 bréngt déi amerikanesch Formatioun „Public Enemy“ den Album „It Takes A Nation Of Millions To Hold Us Back“, deen ee vun de meeschtverkaafte RAP-Albume vun all Zäit gëtt.

2010 stierft den amerikanesche Rapper „Guru“, alias Keith Edward Elam un de Suite vu senger Kriibskrankheet. No sengem Doud gouf bekannt, dass hie schonn zanter dem 2. Februar am Spidol loung, wou hien och den 28. Februar en Häerzinfarkt gemaach hat.

2015 stierft de franséische Sänger Richard Anthony am Alter vu 77 Joer. Hie gëllt als de Pionéier vum Twist a Frankräich an huet a senger Karriär méi wéi 50 Millioune Placke verkaf, an eng 600 Lidder opgeholl. Ee vun seng gréissten Hits hat de Ricardo Btesch, wéi hie mat biergerlechem Numm geheescht huet, 1962 mat „J'entends siffler le train“, wat eng franséisch Versioun vun der Hedy West hirem „500 Miles“ ass.


Gebuertsdagskanner:

Alexis Korner (89), englesche Gittarist, Sänger a Komponist (+01.01.84). ... Mark Volman (70), amerikanesche Sänger, Gittarist, Komponist a Member vun den „Turtles“, déi 1967 mat „Happy Together“ hire gréissten Hit feieren. … Jule Neigel (51), alias Juliane Natascha Neigel, däitsch Sängerin, déi am sibireschen Duerf „Barnaul“ no bei der sowjetesch-chinesescher Grenz gebuer gouf. Hire populäersten Hit ass 1988 „Schatten an der Wand“. …  Josh Kumra (26), britesche Singer/Songwriter, deem 2011 mat „Don't Go“ en Top-Hit a Groussbritannien gelonge war.

Nummer 1-Hits vum Dag:

Hey Tonight – Creedence Clearwater Revival 1971/BRD
Rocky - Frank Farian 1976/BRD
Call Me - Blondie 1980/USA
Ein bißchen Frieden - Nicole 1982/BRD
Kiss - Prince 1986/USA
A Different Corner - George Michael 1986/GB
Flat Beat - Mr. Oizo 1999/BRD
F**k It (I Don't Want You Back) - Eamon 2004/GB
See You Again – Wiz Khalifa feat. Charlie Puth 2015/USA & GB

Nummer 1-Albume vum Dag:

The Best Of The Stylistics - Stylistics 1975/GB
Greatest Hits - Rose Royce 1980/GB
Dig Your Own Hole - Chemical Brothers 1997/GB
Troubadour – George Strait 2008/USA
Outlaw Gentlemen & Shady Ladies – Vollbeat 2013/BRD
The Ultimate Collection – Paul Simon 2015/GB
Furious 7 – Soundtrack 2015/USA

Ritchie Rischard
Radio Lëtzebuerg