Pop History: Ashanti Nummer 1 mat Foolish

20.04.2017 - 11:50

© Murder Inc.
Op den Dag genee viru 15 Joer an der amerikanescher Hitparade
20/04/2017 Pop History: Ashanti Nummer 1 mat Foolish

Wat war nach lass?
1959 kënnt mat „Puppy Love“ déi éischt Plack vun der Dolly Parton eraus. An enger Kritik schreift en onzefriddene Journalist: „Si kléngt, wéi wa se eréischt 12 Joer al wier“. Domadder hat de gudde Mann sech blaméiert, well si war zu dem Zäitpunkt effektiv nach ganz jonk, Dolly war 13 Joer al.

1968 huet déi englesch Hard Rock-Grupp an déi spéider Superstare vun „Deep Purple“ hiren éischte Live-Optrëtt. Dëse Concert gi Ritchie Blackmore & Co. net éieren an England oder Amerika, mä zu Tastrup an Dänemark.

1981 gëtt den Ex-Mamas & Papas-Chef John Phillips zu fënnef Joer Prisong veruerteelt, wëll e mat Kokain erwëscht gouf. 30 Deeg nodeems hie seng Strof ugetrueden hat, gëtt en nees entlooss, mä e muss awer 250 Stonne fir e gudden Zweck schaffen.

1992 ass am Londoner Wembley-Stadion de „Freddie Mercury Tribute Concert For Aids Awareness“, dee vun deenen dräi anere Queen-Memberen organiséiert gouf. Mat derbäi si vill grouss Museker aus där Zäit, an déi britesch Schauspillerin „Dame Elizabeth Taylor“ hält eng Ried. Dëst Event, fir dat sech 72.000 Fans versammelt hunn, gëtt vu Radio an TV iwwerdroen. Mam Benefice gëtt „Mercury Phoenix Trust“ gegrënnt.

Gebuertsdagskanner:
Luther Vandross (66), amerikanesche Sänger, deen allgemeng als „King of Soul“ bezeechent gëtt (+01/07/2005)
Blümchen (37), alias Jasmin Wagner, däitsch Sängerin, Animatrice a Schauspillerin

Nummer 1-Hits vum Dag:
TSOP - MFSB 1974/USA
Shaddup You Face - Joe Dolce 1981/BRD
We Are The World - USA For Africa 1985/GB
You're In Love - Wilson Phillips 1991/USA
Return Of The Mack - Mark Morrison 1996/GB
Foolish - Ashanti 2002/USA
Heart Skips A Beat – Olly Murs feat. Rizzle Kicks 2012/BRD
Waves – Kiesza 2014/GB

Nummer 1-Albume vum Dag:
Ashanti – Ashanti 2002/USA
A Rush Of Blood To The Head – Coldplay 2003/GB
Fornika – Die Fantastischen Vier 2007/BRD
Konk – The Kooks 2008/GB
When I Was Your Man – Bruno Mars 2013/USA
Caustic Love – Paolo Nutini 2014/GB
Chambre 12 – Louane 2015/F