Pop History: Greg Lake kréich haut 70 Joer

10.11.2017 - 11:40

© www.greglake.com
An der Pop History vun dësem Freideg erënnert de Yann Logelin un e Museker, deen der haut 70 kritt hätt.
10/11/2017 Pop History: Greg Lake kréich haut 70 Joer

Wat war soss nach lass?

1956 feiert de Musical „Irma La Douce“ seng Première am „Théatre Gramont“ zu Paräis. 7 Joer méi spéit gëtt d'Geschicht vun der „Irma La Douce“ vum Star-Regisseur Billy Wilder verfilmt. An den Haaptrolle wëssen d'Shirley MacLaine an den Jack Lemmon ze iwwerzeegen.

1969 gëtt an den U.S.A. déi éischte Kéier „Sesame Street“ diffuséiert. Ufank der 90er Joer steet de Bert da mat senger „Quitscheentchen an den däitschen Charts.

2008 stierft zu Castel Volturno an Italien déi südafrikanesch Sängerin Miriam Makeba am Alter vu 76 Joer un engem Häerzinfarkt. Dee gréissten Hit vun der „Mama Afrika“, wéi se gäre genannt gouf, ass de 67er Klassiker „Pata Pata“. De kompletten Numm vun der Miriam Makeba ass iwwregens: Zenzile Makeba Qgwashu Nguvama Yiketheli Nxgowa Bantana Balomzi Xa Ufun Ubajabulisa Ubaphekeli Mbiza Yotshwala Sithi Xa Saku Qgiba Ukutja Sithathe Izitsha Sizi Khabe Singama Lawu Singama Qgwashu Singama Nqamla Nqgithi.

Gebuertsdagskanner:

Ennio Morricone (89), groussen italienesche Filmkomponist. Aus senger Fieder stame Klassiker wéi  „The Good, The Bad And The Ugly“, „Once Upon A Time In The West“, „Chi Mai“, „The Untouchables“, „Frantic“ oder „Bugsy“. Säi gréisste Succès ass awer d'Musek fir de Robert De Niro-Film „The Mission“, dofir gëtt hien 1986 mat engem „Oscar“ belount.  …  
Mushroom (50), alias Andrew Volves. Massive Attack-Keyboarder. ….
Warren G. (47), alias Warren Griffin III, amerikanesche Rapper a Museksproduzent. …
Miranda Lambert (34) amerikanesch Country-Sängerin an Ex-Fra vum Country-Superstar „Blake Shelton“. Nieft hirer Solo-Karriär ass si och nach Member vum Country-Dammen-Trio „Pistol Annies“.

Nummer 1-Hits vum Dag:


Keep On Truckin' - Eddie Kendricks 1973/USA
Heartache Tonight - Eagles 1979/USA
I Feel For You - Chaka Khan 1984/GB
Coming Home (Jeanny Part 2) - Falco 1986/BRD
Love Takes Time - Mariah Carey 1990/USA
Barbie Girl - Aqua 1997/BRD
Westlife – Unbreakable 2002/GB
Free Like The Wind - Alexander 2003/BRD
Kiss Kiss – Chris Brown feat. T-Pain 2007/USA
Sky Fall – Adele 2012/F
Look Right Through (MK Remix) – Storm Queen 2013/GB
Dangerous – David Guetta feat. Sam Martin 2014/F

Nummer 1-Albume vum Dag:

Goodbye Yellow Brick Road - Elton John 1973/USA
Tusk - Fleetwood Mac 1979/GB
Welcome To The Pleasure Dome - Frankie Goes To Hollywood 1984/GB
Emotional - Falco 1986/BRD
To The Extreme - Vanilla Ice 1990/USA
The Very Best Of Elton John - Elton John 1990/GB
Eros - Eros Ramazzotti 1997/BRD
The Great Depression – DMX 2001/USA
One Love – Blue 2002/GB
In Time – The Best Of R.E.M. 1988-2003 - R.E.M. 2003/BRD
Carnival Ride – Carrie Underwood 2007/USA
Red – Taylor Swift 2012/USA
The Marshall Matters LP 2 – Eminem 2013/GB
The Endless River – Pink Floyd 2014/F