Pop History: Up Where We Belong

06.11.2017 - 13:20

Viru 35 Joer ass den Titelsong aus dem Film "An Officer And A Gentleman" op déi éischt Plaz vun den amerikanesche Single Charts komm.
06/11/2017 Pop History (Joe Cocker & Jennifer Warnes - Up Where We Belong)

Wat war soss nach lass?
1971 topt de Soundtrack vu „Shaft“ d'Spëtzepositioun vun den US-Charts. D'Musek staamt jo vum Isaac Hayes, dee fir seng Aarbecht mat engem „Oscar“ belount gëtt, dat an der Kategorie vum „Beschte Song“.

1975 trieden d'Sex Pistols déi éischte Kéier an der Ëffentlechkeet op. Si spillen an der „St. Martin's School of Art“ zu London. Hiren éischte Live-Gig dauert allerdéngs net méi wéi 10 Minutten.

1984 gëtt de Marvin Gay Senior zu fënnef Joer Prisong op Sursis veruerteelt. Hien hat den 1. Abrëll 1984 säi Bouf, de Sänger Marvin Gaye, zu Los Angeles an hirem Familljenhaus erschoss. Als Grond gëtt de Senior deemools un, dass säi Bouf hie provozéiert hätt. De leschte grousse Single-Succès vum Marvin Gaye war am Oktober 1982 „Sexual Healing“. De Marvin Gay Senior ass iwwregens 1998 un engem Häerzinfarkt gestuerwen. Wéi de Marvin Gay berühmt gouf hat hien iwwregens den „e“ hannert sengem Familljennumm ewechgelooss, fir esou Homosexueller Witzer iwwert säin Numm aus de Féiss ze goen.


Gebuertsdagskanner:
Dough Sahm (76) Leader vun der Tex-Mex-Rockband „Sir Douglas Quintet“, déi 1969 mat „Mendocino“ en Evergreen ophëlt (+ 18.11.1999). Glenn Frey (69), Eagles-Gittarist a Sänger, dee sech och vun Zäit zu Zäit als Schauspiller probéiert hat, sou z.B. bei „Miami Vice“ oder am Tom Cruise-Film „Jerry Mc Guire“ (+18/01/2016).
Florent Pagny (56), Franséische Pop-Sänger, deem 1988 mat „N'importe quoi“ den Duerchbroch geléngt. Een anere faméisen Hit war seng franséisch Adaptatioun vum Lucio Dalla sengem „Caruso“.


Nummer 1-Hits vum Dag
:
Get Off Of My Cloud - Rolling Stones 1965/USA
With A Little Help From My Friends - Joe Cocker 1968/GB
Gypsys, Tramps & Thieves - Cher 1971/USA
Rock'n Me - Steve Miller Band 1976/USA
I'd Do Anything For Love (But I Won't Do That) - Meat Loaf 1993/USA
Put Your Hand Up For Detroit – Fedde Le Grand 2006/GB


Nummer 1-Albume vum Dag:
Shaft - Soundtrack/Isaac Hayes 1971/USA
Crossroads - Tracy Chapman 1989/BRD
Vs. - Pearl Jam 1993/USA
Daydream - Mariah Carey 1995/BRD
Runter mit den Spendierhosen, Unsichtbarer – Die Ärzte 2000/BRD
Stardust – The Great American Songbook 3 – Rod Stewart 2004/USA
Face To Face – Westlife 2005/GB
The Incredible Machine – Sugarland 2010/USA
Interstellaires – Mylène Farmer 2015/F
Tabaluga – Es lebe die Freundschaft – Peter Maffay 2015/BRD
If I Can Dream – Elvis Presley with the Royal Philharmonic Orchestra 2015/GB
Joanne – Lady Gaga 2016/USA