Pop History - Happy Birthday David Guetta

07.11.2017 - 11:10

Op seng Musek danze jonk Leit hei zu Land, zu Miami, oder op Ibiza... a Stare wéi Bruno Mars, Madonna an Justin Bieber ginn sech d'Klensch an de Grapp fir mat em zesummen ze schaffen...De Produzent David Guetta ass ee vun de gréissten an erfollegräichsten Dj'en am Museksgeschäft, an haut feiert en säi ronne 50te Gebuertsdag. 
07/11/2017 Pop History - Happy Birthday David Guetta

Wat war lass?

1979 feiert de Film „The Rose“ seng Première zu Los Angeles. An der Haaptroll ass d'Bette Midler ze gesinn, déi d'Roll vun enger groer Maus spillt, déi zum Popstar avancéiert. D'Geschicht orientéiert sech un der Liewensgeschicht vum Janis Joplin. D'Bette Midler gëtt fir hir Leeschtung fir en „Oscar“ nominéiert, an den Titel-Song vum Film gëtt duerch hir Interpretatioun zu engem Welthit.

1980 geet d’Formatioun „Dexy's Midnight Runners“ eng éischte Kéier auserneen. Een Deel vun de Membere mécht ënnert dem Numm „Bureau“ weider, allerdéngs ouni Succès. De Kevin Rowland an den Jimmy Patterson behalen de Numm vun der Band „Dexy's Midnight Runners“ a probéiere vun Zäit zu Zäit nees un deen ale Succès unzeknäppen.

1988 steet den John Fogerty viru Geriicht, well d'Plackefirma „Fantasy“, bei där dem Fogerty seng Band „Creedence Clearwater Revival“ ënner Kontrakt stoung, geklot haten, dass dem John Fogerty säin Titel „Old Man Down The Road“ de Copyright vun „Run Through The Jungle“ géif blesséieren. Dat bescht un der ganzer Saach war déi, dass och dësen Titel vum John Fogerty geschriwwe gouf, hien hat also bei sengem eegenen Titel geknäipt. Déi ganz Affaire kascht den John eng Staang Geld, hie muss 400.000 Dollar bezuelen.

2011 stierft d'Schauspillerin a Sängerin Andrea Marie Truden, déi ee besser als „Andrea True“ kennt, am Alter vun 68 Joer zu New York City.  1976 hat si als „Andrea True Connection“, während der Disco-Ära, e grousse Succès mam Titel „More, More, More“. Eng Frëndin vun der Sängerin erkläert méi spéit, dass d'Andrea schonn eng Zäitche Problemer mam Häerz hat.

Gebuertsdagskanner:

Joni Mitchell (74), kanadesch Singer/Songwriterin. Ee vun hire populäerste Lidder  „This Flight Tonight“, gëtt 1973 duerch eng Cover-Versioun vun der englescher Formatioun „Nazareth“ en internationale Succès … Robin Beck (63), New Yorker Sängerin an Interpretin vum 88er Top-Hit „First Time“. ... Jellybean (60), alias John Benitez, New Yorker Diskjockey, Mixmaster an Produzent. …  Sharleen Spiteri (50), Sängerin vun der schottescher Formatioun „Texas“. …

Nummer 1-Hits vum Dag:

Private Eyes - Daryl Hall & John Oates 1981/USA
I Think We're Alone Now - Tiffany 1987/USA
Don't Worry Be Happy - Bobby McFerrin 1988/BRD
Cotton Eye Joe - Rednex 1994/BRD
Geri Halliwell – Lift me up 1999/GB
Fireflies – Owl City 2009/USA
Only Girl (In The World) – Rihanna 2010/GB


Nummer 1-Albume vum Dag:

Led Zeppelin III - Led Zeppelin 1970/GB
Shaky - Shakin' Stevens 1981/GB
Tunnel Of Love - Bruce Springsteen 1987/USA
Cross Road - The Best Of Bon Jovi - Bon Jovi 1994/BRD
I've Been Expecting You - Robbie Williams 1998/GB
Il Divo – Il Divo 2004/GB
Soundtrack – The Twilight Saga: New Moon  - 2009/USA
Messy Little Raindrops – Cheryl Cole 2010/GB
Rekord – Die Fantastischen Vier 2014/BRD


Ritchie Rischard