Pop History: Happy Birthday Paul Stephen Thompson

08.11.2017 - 13:10

© afp
E gewëssene Paul Stephen Thompson kritt haut 60 Joer. Deen Numm muss een net onbedéngt kennen an awer ass et intressant fir seng Karriär eng Kéier an d'Vitrine ze stellen.
08/11/2017 Pop History

Wat war lass?

1971 kënnt de véierten Album vu Led Zeppelin eraus, et ass genee dee Longplayer, op deem de Klassiker „Stairway To Heaven“ vertrueden ass. „Led Zeppelin IV“ huet e groussen dramateschen Touch, de Grond dofir ass deen, dass de Sänger Robert Plant sech vill mat Mythologie, Relioun an Okkult beschäftegt. Dem Plant seng mythesch Oder mëscht sech virun allem bei der irescher Folk-Ballade „The Ballad Of Evermore“ bemierkbar. Déi wichtegst Titelen um Album sinn an bleiwen awer „Rock 'N'Roll“, „Black Dog“ an natierlech „Stairway To Heaven“.

Gebuertsdagskanner:

Roy Wood (70), englesche Museker, dee Member vun esou populäre Gruppe wéi „Move“, „Wizzard“ an „Electric Light Orchestra“ war. ... Minnie Riperton (70), amerikanesch Soul-Sängerin an Interpretin vum 75er Top-Hit „Lovin' You“ (+12.7.1979). ... Bonnie Raitt (68), Sängerin, Gittaristin a Komponistin vu Burbank-Kalifornien. Fir hiren 1989er Album „Nick Of Time“ gëtt si mat 3 Grammy'en ausgezeechent. … Rickie Lee Jones (63), amerikanesch Singer/Songwriterin an Interpretin vum 79er Klassiker „Chuck E.'s In love“. ... Leif Garrett (56), amerikanesche Kannerfilmstar a Sänger, deen Enn der 1970er Joren Hits wéi „Surfin' USA“, „Runaround Sue“ oder „I Was Made For Dancin'“ feiert.

Nummer 1-Hits vum Dag:

Baby Now That I've Found You - Foundations 1967/GB
Wedding Bell Blues - 5th Dimension 1969/USA
Mamy Blue - Pop Tops 1971/BRD
Space Oddity - David Bowie 1975/GB
Take My Breath Away - Berlin 1986/GB
Amanda - Boston 1986/USA
Just Lose It - Eminem 2004/GB
Everybody In Love – JLS 2009/GB
Jubel – Klingande 2013/BRD
Hello – Adele 2015/USA

Nummer 1-Albume vum Dag:

Rock Of The Westies - Elton John 1975/USA
The River - Bruce Springsteen 1980/USA
Every Breath You Take - The Singles - Police 1986/GB
The Firm - The Album - Nas Escobar, Foxy Brown, Az And Nature 1997/USA
Black Ice – AC/DC 2008/USA
Rich Kidz – Prince Kay One 2013/BRD
Sounds Good Feels Good – 5 Seconds Of Summer 2015/USA

Ritchie Rischard
Radio Lëtzebuerg