RTL-Presseclub vum 18.2Ekonomesch Entwécklung, Personell Erneierung bei der CSV

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit. - Op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

Si sech déi gréng Nohaltegkeetsministere mam Wirtschaftsminister eens iwwert d'ekonomesch Entwécklung vum Land?

Wéi wäit dierf e Politiker an Aussoe viru senger Parteibasis goen? Huet d'CSV e Problem vu personeller Erneierung an huet éischter 2 Spëtzekandidate fir d'Chamberwahlen, wéi nëmmen Een?

Wou steiert déi däitsch SPD no de Chaos-Deeg vun der leschter Woch hin?

Presseclub vum 18.2.18



Ënner anerem doriwwer gouf dëse Sonndeg geschwat mam:

Dani Schumacher aus dem Wort
Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt
Romain Hilgert aus dem LAND
Joël Adami vun der Woxx

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.