RTL-Presseclub vum 4. MäerzWahllëschten, Member-Vote bei der SPD an Tiers-Payant

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren analyséiert déi national an déi international Aktualitéit. - Op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

D'Kandidatelëschte fir d'Chamberwahle sinn am Gaang, finaliséiert ze ginn. Bekannte populär, jonk Gesiichter versus Polit-Huesen.

Am Presseclub um Sonndeg hu mer gekuckt, wéi d'Chimie vun esou Lëschte muss ausgesinn a den Ausgang vum Member-Vott bei der SPD kommentéiert, fir an d'GroKo an Däitschland matzegoen.

D'Revendicatioun nom Aféiere vun engem generaliséierten Tiers-Payant, d'Logementsdebatt an e méiglechen Riets-Ofdrifte vun Italien ware weider Sujeten.

Presseclub vum 4.3.18



Invitéen dëse Sonndeg am Presseclub sinn:

Josée Hansen aus dem Land

Lucien Montebrusco vum Tageblatt

Claude Karger aus dem Journal

Marc Schlammes aus dem Wort

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.