RTL-Presseclub vum 6. MeeRied zur Lag vun der Natioun, Burkagesetz, 1. Mee an d'Gewerkschaften

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren huet déi national an déi international Aktualitéit analyséiert.

Ëm d'Ried zur Lag vun der Natioun, d'Burkagesetz an den 1. Mee goung et dëse Sonndeg am RTL-Presseclub.

Déi grouss Ukënnegunge sinn ausbliwwen. Amplaz dovu gouf e Bilan vun der Regierungsaarbecht vun de leschte Jore gezunn: Rieds ass vun der Ried zur Lag vun der Natioun, déi de Premier Xavier Bettel d'lescht Woch an der Chamber gehalen huet. Dono waren d'Echoen déi, déi et u sech all Joer no deem Exercice gëtt: eng bonne Note vu Säite vun de Majoritéitsparteien an eng Datz vu Säite vun der Oppositioun.

Opgefall ass absënns, dass d'Wunningsproblematik keng Roll an deem Etat de la Nation gespillt huet: D'Erklärung dofir war déi, dass kuerz virdrun am Parlament vill doriwwer diskutéiert gi wär. Donieft huet d'Ausso vum Staatsminister, dass d'Schéier tëscht Aarm a Räich net méi ausenee gaange wär, fir sou munch Reaktioune gesuergt. War den Etat de la Nation 2018 e grousse Cru, muss een eppes dovun zréckbehalen an ass den Exercice selwer nach zäitgeméiss? Doriwwer diskutéieren dono nees 4 Journalistekollegen.

Mir schwätzen donieft iwwert d'Burkagesetz, dat och d'viregt Woch an der Chamber ugeholl gouf, ouni dass et an den Diskussiounen doriwwer zu vill Polemik komm wär, an iwwert den 1. Mee, an deem sengem Kader d'Gewerkschaften den Akzent op ënnerschiddlech Sujete geluecht hunn, mat v.a. méi soziale Revendicatioune beim LCGB.

Invitéë waren de Richard Graf vun der woxx, de Claude Karger vum Journal, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an d'Dany Schumacher vum Lëtzebuerger Wort.

Presseclub vum 6. Mee 2018

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.