Radio Sport-Club vum 4. MeeKamil Rychlicki schwätzt iwwer seng Zukunft

De leschte Weekend ass de Lëtzebuerger Volleyballnationalspiller mat Maaseik Champion an der Belsch ginn.

Radio - Sport Club mam Kamil Rychlicki (04.05.2018)
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.
De Kamil Rychlicki ass dee wuel beschte Volleyballspiller, dee jee den Trikot vun der Lëtzebuerger Nationalekipp unhat. Den 21 Joer alen Ugrëffsspiller mat polneschen Originnen, deen de leschte Weekend mat Maaseik Champion ginn ass, bleift awer net an der Belsch. De Wee schéngt Direktioun Süden ze goen, wéi mir de Freideg de Mëtteg um 13.30 Auer am Radio Sport-Club gewuer gi sinn.

De Kamil Rychlicki iwwert seng Zukunft/Rep. Franky Hippert


Méi konkret an Italien, mat déi stäerkst, wann net esouguer déi stäerkst Liga am europäeschen Härevolleyball. Wou genee wollt de Kamil Rychlicki awer nach net verroden. Do ass et dann och sécherlech méiglech, säi grousst Zil ze erreechen, nämlech eng Kéier d'Champions League ze gewannen.

De leschte Weekend konnt Maaseik no 6 Joer Waarden emol nees de Championstitel an der Belsch feieren an den 2 Meter 4 grousse Lëtzebuerger Nationalspiller hat dee leschte Punkt vum Match gemaach. De Lëtzebuerger ass frou doriwwer, et war een Happy End an ass dem Passeur dankbar, dass hien him dëse Ball scho bal geschenkt huet.

De Kamil Rychlicki ass, wat de Volleyball ugeet, beim VC Stroossen grouss ginn. Den 21 Joer ale Lëtzebuerger kéint duerch seng polnesch Elteren awer reng theoretesch och nach fir de Weltmeeschter vun 2014, den Europameeschter vun 2009 an den Olympiagewënner vun 1976 spillen. Wann hien d'Méiglechkeet hätt, wier dat fir hie phenomenal, ma esou wäit wéilt hien elo net kucken. Och géing hie gär fir Lëtzebuerg spillen a géing hei vollen Asaz weisen.

Mat der Lëtzebuerger Nationalekipp huet de Kamil Rychlicki elo emol am August d'Europameeschterschaftsqualifikatioun um Programm stoen.

Radio - Sport Club mam Kamil Rychlicki



Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.