Radio Sport-Club vum 11. MeeKen Diederich

Leschte Sonndeg ass Steesel eng drëtte Kéier hannerteneen Champion am Härebasket ginn an huet fir d'zweet hannerteneen den Doublé realiséiert.

Radio - Sport Club: Ken Diederich (11.05.2018)
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.
Resumé Radio Sport-Club / Reportage Fanky Hippert



Invité e Freideg de Mëtteg um 13.30 Auer am Radio Sport-Club war de Ken Diederich. De Basketball-Trainer vun der Amicale huet elo no 6 Joer a 6 Titelen, dovun zwee Doubléen an deenen zwou leschte Saisonen, e Schlussstréch ënnert seng Karriäre zu Steesel gezunn. Den 40 Joer alen Diederich, deen awer Härennationaltrainer bleift, versteet et, seng Spiller besser ze maachen.

Do gëtt et dann och e ganz banale Secret, wéi de Ken Diederich, deen als Spiller 4 Titele mat Konter gewonnen hat, am Radio Sport-Club verroden huet. D'Erfahrung, déi de Ken Diederich als Spiller gemaach huet, donieft ass hien e Baskets-Geck an huet déi meeschten Zäit a sengem Liewe mam Basket verbruecht.

De Ken Diederich huet als Trainer dann och seng kloer Virstellung vum Sport mam orange Ball. Seng Philosophie ass de séiere Basket ouni vill Dribbelen, de Ball muss séier ronderëm goen a fräi Schëss.

Do huet dann och de Steeseler Amerikaner, Billy Mc Daniel, deen an den A vum elo Ex-Amicale-Trainer, dee beschte hei am Land ass, am Beschte gepasst.

Dës Saison goufen d'Halleffinallen an d'Finall déi éischte Kéier nom Modus "Best of five" gespillt, an d'Resonanz huet sech a Grenze gehale, dat huet och den Härennationaltrainer misse feststellen.

Als Veräinstrainer mécht de Ken Diederich elo emol e Joer Paus. Hien hat ënnert anerem awer och eng Offer aus Holland. Eng éischt däitsch Basketball-Bundesliga ass fir e Lëtzebuerger Trainer net esou einfach.

An de nächste Méint geet de Ken Diederich och emol bei aner Veräiner hospitéieren. An der Nationalekipp gehéiert jo och de Sportpsychologe Frank Muller zu sengem Staff. Den Trainer mat 6 Titelen zu Steesel ass op fir vill Saachen, esou war hien zum Beispill och en Training vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp kucken. D'FLBB-Formatioun huet hiren nächste Rendez-Vous iwwregens den 28. Juni heiheem géint Portugal.

11/05/2018 RadioSportClub



Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.