Radio Sport-Club vum 1. JuniSamy Picard bléckt zefridden op Karriär zeréck

D’lescht Woch huet ee vun de beschte Lëtzebuerger Basketballspiller vun allen Zäiten annoncéiert, mat 29 Joer seng Schong un den Nol ze hänken.

Radio Sport-Club: Samy Picard (01.06.2018)
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.
Resumé Radio Sport-Club / Reportage Franky Hippert


Am Sport geet all Karriär eng Kéier op en Enn. De Samy Picard huet d'lescht Woch annoncéiert, mat 29 Joer d'Basketballschong un de berühmten Nol ze hänken. Et dierft och definitiv sinn. De Samy Picard, dee vun de Musel Pikes eriwwer op Tréier bei deen deemolegen TBB an d’1. Bundesliga als Profi gewiesselt war, huet déi lescht 6 Joer bei der Amicale gespillt. Mat deene Steeseler huet hie 6 Titele gewonnen, 3 Mol Champion, 3 Mol d’Coupe, an de leschten zwee Joer hannerteneen dobäi den Doublé realiséiert. E Freideg de Mëtteg war ee vun de beschte Lëtzebuerger Spiller mam orange Ball vun allen Zäiten Invité bei eis am Radio Sport-Club.

De Samy Picard huet op der Musel ugefaange mat Basket spillen. 2009 ass hien du vun de Pikes als Profi bei den TBB Tréier gewiesselt. 3 Joer drop koum hien zeréck, awer net bei säin Heemechtsveräin, mä bei d'Amicale Steesel. Hie wollt eng nei Erausfuerderung an huet och dat richtegt Potenzial bei de Steeseler gesinn.

Den Ufank mat Steesel war net ëmmer einfach fir de fréieren Nationalspiller, wann et op d'Musel gaang ass. D'Supporter vun der Musel hunn him de Wiessel bei d'Amicale nämlech iwwel geholl an dat krut hien och ze spieren. Mat der Zäit huet de Samy Picard sech allerdéngs dru gewinnt an et war zum Schluss och net méi esou schlëmm.

D'Experienz beim TBB zu Tréier als Profi, well den haut 29 Joer ale pensionéierte Basketballspiller net mëssen.

D'Fro stellt sech natierlech, ob net méi Lëtzebuerger Spiller de Wee an d'Ausland sollten a misste goen, fir och den Niveau vun der Nationalekipp nach weider ze hiewen. Fir de Samy Picard muss dat jidderee fir sech decidéieren.

Am Prinzip gesäit een de Samy Picard elo net méi aktiv op engem Basketball-Terrain. Als Supporter op de Matcher wäert hien awer nach mat dobäi sinn.

Eng Sportfonctionnaires-Karriär, wéi zum Beispill de fréiere Volleyballnationalspiller Ralf Lentz oder de fréiere Schwëmmer Alwin de Prinz, déi och Allenzwee Economie studéiert hunn, an och Allenzwee bei enger Bank schaffen oder geschafft hunn, genee wéi de Samy Picard, strieft de Basketballspiller awer elo emol net un. Datt et iergendwann villäicht eng Kéier dozou kënnt, wollt de Samy Picard net ausschléissen.

Mat der Amicale Steesel huet de Samy Picard an de leschte 6 Joer 6 Titele gesammelt. 3 Mol gouf hie Champion an 3 Mol huet hien d'Coupe gewonnen.

An dobäi hat de Samy Picard an deene leschten zwee Joer zweemol hannerteneen den Doublé mat Steesel realiséiert.


Radio - Sport Club mam Samy Picard



Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.