Radio Sport-Club vum 29. JuniFuttball-WM 2018 Spezial

Eent steet fest: de Weltmeeschter verdeedegt säin Titel och déi Kéier net.

© Patrick Greis / RTL Radio Lëtzebuerg
Sou wéi Italien a Spuenien déi lescht zwou Kéieren, fiert Däitschland no der éischter Ronn heem. Fir aner Weltmeeschter ass et nach esou just duergaangen: Argentinien mat herrlechem Messi-Gol, Brasilien eréischt am drëtte Match iwwerzeegend, Frankräich nach ouni dee grousse Jeu, Spuenien och nëmme mat enger Victoire. Just England ass a Gol-Laun. An da sinn do nach déi aner wéi d'Belsch oder d'Kroaten.

Wat bréngen d'Aachtelsfinallen- doriwwer hunn déi Kéier d'Emilia Oliveira, de Marc Thomé an de Guy Hellers geschwat.

Futtball-WM 2018 Spezial



Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Audio).


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.