Radio Sport-Club vum 6. JuliFuttball-WM 2018 Spezial

Nach just 8 Ekippe kommen a Fro fir de Weltmeeschtertitel 2018.

© Patrick Greis / RTL Radio Lëtzebuerg

Radio Sport-Club WM Spezial



Op der Futtball-Weltmeeschterschaft a Russland sinn um Freideg déi zwou éischt Véirelsfinallen. Lass geet et um 16 Auer mat Frankräich, dat et mat Uruguay ze di kritt. E Freideg den Owend um 20 Auer ass et dann un eise belschen Noperen am Duell mam Rekordweltmeeschter Brasilien. D'Eliminatioun vu grousse Favoritten, an déi zwou aner Véirelsfinalle waren um 13.30 Auer natierlech nees Sujet bei eis am Radio Sport-Club Spezial Weltmeeschterschaft.

Invitéeën dës Woch warenden Hubert Meunier, dee jo, wéi géifen déi Däitsch soen, e Namensvetter bei de Belsch spillen huet, den Dan Theis, dee wahrscheinlech en Undeel drun huet, datt d'Englänner ewell 11-Metere schéisse kënnen, an de Roby Langers, deem säin Häerz och haut nach ëmmer a Frankräich matschléit, do wou hie laang Jore Profi war. A propos, déi éischt Véirelsfinall heescht e Freideg de Mëtteg um 16 Auer jo Frankräich géint Uruguay. Déi grouss Fro ass, ob de Superstar vun de Südamerikaner, den Edison Cavani, dee Portugal an der Aachtelsfinall mat sengen 2 Goler heemgeschéckt hat, e Freideg de Mëtteg ka spillen oder net. Gespaant däerf ee sinn, wéi schwéier d'Fransouse mat Mbappé an Co. sech dinn, wa si d'Spill selwer solle maachen. E Freideg den Owend um 20 Auer ass et dann un der Belsch. Am Land vun de Fritten a vum Béier, ass am Moment eng grouss Euphorie, déi kéint géint Brasilien awer séier gebremst ginn, wann een defensiv nees esou ufälleg ass wéi géint Japan. Bei de Brasilianer huet den Neymar nach ëmmer net richteg matkritt, datt hien am Fong Futtballspiller an net Schauspiller ass. Am aneren Deel vum Tableau si 4 Ekippen aus der europäescher Futtball-Union. Bei Schweden géint England kann ee sech op eng enk Affär astellen, et ass wuel den Duell tëscht dem Kollektiv vun Tre Kronor géint de britesche Solist Harry Kane. E Samschdeg mécht Russland, den Organisateur, d'Iwwerraschungsekipp, den Ofschloss géint ee vun de Geheimfavoritte Kroatien. Vun 13.30 Auer u gouf dat Ganzt mat eise Radio-Sport-Club Spezial-Weltmeeschterschaft-Spezialisten nees auseneen gepléckt.

Radio-Sport-Club: freides vun 13h30 bis 14h00 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Audio).



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.