Gala Match VIP - Special Olympics
14.09.2018 - 18:15
E Sonndeg Mëtten um 13.00 gëtt am Centre Sportif René Hartmann zu Diddeleng de Gala Match tëscht der Special Olympics Baskets Ekipp a enger zesummegewierfelter Ekipp aus Politik, Sport a Medien ugepaff. Eng Initiative vun der INTEREGG BASKET ACADEMY, Christophe Jost.14/09/2018 18h20 Gala Match VIP - Special Olympics
CUT
Highlight wäert awer sécherlech den Gala Match vun e Sonndeg ginn, dee vun der Interegg Basket Academy organiséiert gëtt. Eng Organisatioun déi sech aus Ekippen aus dem In a Ausland zesummegedoen huet fir Mënsche mat ënnerschiddlecher Hierkënft, Geschlecht oder kierperleche Viraussetzungen zesummenzebréngen. Aus sportlecher Siicht soll duerch Basket Academy virun allem de Basket bei den Damme weiderentwéckelt ginn, wëll dësen an der Groussregioun a Bezuch op Ausbildung Potenzial no uewen huet. Sou kennt et also dass e Sonndeg eng Vip Ekipp géint eng Special Olympics Ekipp spillt. De Sportkoordinator vun der Acadmey, Frank Müller.
CUT
D'Organisatioun huet sech dann och eng helle Wull Méi gemaach eng interessant VIP Ekipp aus bekannte Gesichter op Been ze stellen.
CUT
E Samschdeg geet et um 15:15 mam Match Nancy géint Trier lass. E Sonndeg um 13 ass de Gala Match éier um 17h Final vum Tournoi gespillt gëtt.
