„No Ref, No Game“. Ouni Arbitter kee Match. De Sport brauch Arbitteren. Leider feelen der iwwerall. De Mann mat der Päif huet vill ze dacks e schlechten Image, a gëtt ëmmer als Éischte kritiséiert. Dat dréit natierlech net derzou bäi, datt Jonker sech fir dës Aufgab interesséieren. Bei der FLBB, der Lëtzebuerger Basket-Federatioun, ginn se elo en neie Wee, fir der Pénurie vun Arbitteren entgéint ze wierken. Dat ass d’Thema elo am Rebound vum Jeff Kettenmeyer a Guy Seyler.