Gemengepostkaart: Diddeleng

29.09.2017 - 07:20

Zu Diddeleng do fënnt een alles, dat héiert een dacks vun Diddelenger Leit. Do brauch een net wäit ze fueren, a scho guer net bis an d'Stad. Well Diddeleng ass jo souwisou selwer eng Stad. Mat iwwer 20.000 Awunner déi véiert gréissten am Land. Si läit am Nordoste vun der loutrengescher Minettsgéigend a gëtt och gäre Forge du Sud genannt. Hei stoung nämlech déi éischt modern Schmelz. Jidderee huet och scho vum tragesche Fligeraccident am Joer 1981 héieren, wou een belsche Militärfliger den RTL's Mast um Ginzebierg mat ewechgeholl hat. A vir verschidde Saache kommen d'Leit, virun allem d'Dammen, esouguer extra op Diddeleng gefuer. De Pierre Jans war an der Forge du Sud ënnerwee.
29/09/2017 Gemengepostkaart Diddeleng -7.20- Jans


Och den Tommy Wirtz vum HB Diddeleng ass an der Forge du Sud opgewuess. Hien erzielt vun der sportlecher Säit vun Diddeleng.

29/09/2017 CUT Tommy Wirtz HBD ajoute Gemengepostkaart