Aktiv Nolauschteren - Eng Konscht fir sech!

21.11.2017 - 12:15

Schwätze, schwätzen, ëmmer nëmme schwätzen! Vun eis all gëtt verlaangt datt mir eis matdeelen, eis gutt ausdrécken, argumentéieren an iwwerzeegen kënnen - egal op dat an der Koppel ass, a Gesellschaft oder op der Aarbecht! Datt zu enger gudder Kommunikatioun awer och e richtegt Nolauschteren gehéiert, gëtt dacks vergiess oder als selbstverständlech ugesinn. Dobäi ginn et verschidden Typpen vu Nolauschterer. Zum Beispill deen, wou een d'Impressioun hätt e géif ni nolauschteren. Oder deen, dee selektiv nolauschtert a sech just dat erauspickt wat en interesséiert an alles anescht ausblennt. Da gëtt et awer nach den "aktive Nolauschterer", dee gefält eis all am beschten! Mee wat mécht dee genau? A wéi funktionéiert dat? Dat seet eis d'Carole Simon:
21/11/2017 Aktiv Nolauschteren 12h15