Smarthome - wourop oppassen?

28.03.2018 - 07:20

D'Haus vun der Zukunft ass clever! Erkennt wann ech erakommen. Da geet d'Beliichtung am Zëmmer un, d'Tëlee spréngt automatesch op mäi Liiblingsprogramm. Schéngt d'Sonn, da weess et datt d'Fotovoltaik Anlag um Dag vill Energie produzéiert. Et also e gënschtegen Ament ass, den Elektoauto opzelueden. Energiespueren ass eent vun de groussen Argumenter vun de Smarthaiser. Ma wéi energie-effizient sinn dës Wunnenge wierklech a wourop sollt een oppasse, wann ee säin Doheem an e "smarthouse" ëmwandelen wëll? E Reportage vum Raphaëlle Dickes
Smarthome - wourop oppassen?

De Begrëff Smarthome ass weder geschützt, nach gëtt et eng Definitioun, wéini eng Wunneng dann elo als "gescheit" ka qualifizéiert ginn. Fir deen ee bedeit et, datt d'Beliichtung a Rolllueden programmabel sinn a sech iwwer den Handy steiere loossen. Anerer erwaarde sech méi. Zum Beispill datt se sech iwwer den Display an der Kichen eng Bidden alafe loosse kënnen. Fir déi verschidde Besoine ginn et ënnerschiddlech Offeren. Ugefaange bei de klenge Systemer aus de Baumäert, déi ee sech selwer doheem kann installéieren. Hei gëllt et besonnesch op zwee Aspekter opzepassen, warnt de Gilbert Theato, Direkter vu myenergy.lu
Wourop ee bei Smarthaiser oppasse soll

Besonnesch bei de Systemer fir selwer anzebauen wier den Dateschutz net ëmmer garantéiert. Seet de Smarthouse Spezialist Marco Leonhardt 
Datesécherheet

Méi sécher wär et do op de verkabelte KNX System zréckzegräifen. Deen och garantéiert, datt déi eenzel Smarthome Geräter matenee kommunizéiere kënnen, erkläert de Marco Zenner vu Smarthouse. Am Géigesaz zu de sougenannte proprietäre Systemer, déi just vun engem eenzegen Hiersteller genotzt ginn.
Virdeel vu verkaabelte KNX Systemer

Als Kommunikatiounsvermëttler tëscht proprietäre Systemer kéinten an Zukunft awer och Sproochassistenten wéi zum Beispill d'Alexa vum Amazon Echo fungéieren. Themen wéi den Dateschutz  a an d'Fro wien alles matlauschtert wat doheem geschitt, sinn hei allerdéngs och ëmstridden... 

Wee seng Wunneng dauerhaft smart equipéiere wëll a wëlles huet domadder och den Energieverbrauch ze optiméieren, deen huet souwisou besser sech vun Experte begleeden ze loossen. Déi d'Geräter richteg an effikass programméiere kënnen. Eng Basis fir den Energieverbrauch doheem ze optiméieren, ass de Smartmeter. Den intelligente Energiemiesser, deen d'Creos am gaangen ass an de Lëtzebuerger Haushalter ze installéieren. 
Smartmeter


Mat all deenen Donnée'en déi iwwer de Smartmeter erakommen, kann d'Smarthome Applikatioun doheem den Energieverbrauch optiméieren.
Virdeeler vum Smartmeter

Etüden hätte gewisen, datt op dës Manéier a Smartgebaier vill Energie kéint agespuert ginn.
Energie spueren


Kritiker halen allerdéngs dogéint, datt am Smarthome vill méi Elektrogeräter integréiert sinn wéi an traditionelle Gebaier. An dës och alleguer Energie verbrauchen. Fir d'éischt mol bei der Hierstellung, an da bei hirer deeglecher Aarbecht an am Standby Modus. Deemno wär den Energiebilan bei engem Smarthaus ënnert dem Stréch net besser wéi bei engem konventionellen Haus. 
Den Energiebilan

Och dem Gilbert Theato no, kann den Energieverbrauch duerch d'Smarthouse reduzéiert ginn. Ënnert der Konditioun datt ee seng Equipementer richteg notzt
Equipementer richteg notzen

Egal ob fir Energie ze spueren, oder just de perséinleche Komfort doheem: D'Wunnenge ginn an Zukunft ëmmer méi schlau.
Zukunft vum Bauen

https://www.myenergy.lu/