Dog-Expo an der Box

07.04.2018 - 10:50

An der Lux-Expo gëtt de ganze Weekend gebillt, et ass nees Hondsausstellung an dofir kommen d'Meeschteren an d'Meeschtechen mat hire Muppen a weisen de Riichter wéi schéin se sinn. Datt et leider och ëmmer an där Expo schwaarz Schof gëtt, hate mer lescht Joer matkritt, wéi Honn an engem Auto agespaart waren an och net ganz legal do waren. Mä wéi mécht een et richteg? Mir froen bei enger Hondsmeeschtech, dem Sandra Schuller op der Expo, no.
07/04/2018 Dog-Expo an der Box

Biller vun der Expo haut a muer och op der Tëlee am Journal.