Wanderschäfer fir en Dag

23.04.2018 - 09:15

© Naturpark Our - Caroline Martin
An der Zäit, hat all Duerf säi Schéifer dee mat de Geessen an de Schof iwwert d'Felder an duerch Bëscher gewandert ass. Dëse Joerdausend ale Beruff huet an Europa drastesch ofgeholl a riskéiert ganz ze verschwannen. Mat de Fleesch- a Wollpräisser aus Australien an Neiséiland kann een hei net méi mathalen. D'Wanderschéiferei kënnt hei zu Land virun allem am Naturschutz an den Asaz. D'Myriam Zimmer an de Florian Weber vu Léiler - aus dem Dräilännereck- sinn déi lescht haaptberufflech Wanderschéifer aus Lëtzebuerg. Si beweeden mat hire 600 Mammeschof quasi dat ganzt Land vum Norde bis an de Süden. Wat Schof mat Naturschutz ze dinn hunn, a wéi esou eng Wanderung mat enger Häerd Schof ofleeft, kann een als Laien op enger vun hiren organiséierte Wandertouren gewuer ginn. D'Carole Simon war fir eis op Léiler d'Scheefecher hidden.
23/04/2018 Wanderschäferei zu Lieler 9h15

Et war net nëmmen en opreegenden Dag fir déi 200 Mammeschof an hir kleng Lämmercher, mee och fir d'ganz Equipe déi matgaangen ass. De Grond dofir: et war déi éischt Sortie fir d'Schof nom Wanter a virun allem déi Alleréischt fir d'Lämmercher déi am Stall op Welt komm sinn a nach ni dobausse waren.

Dem Schéifer seng ausgebilte Border Collien sinn déi eenzeg Hënn déi mat op d' Wanderungen dierfen. Mir sinn an 2 Gruppe gedeelt ginn a konnten mol vir, mol hannert der Häerd spadséieren. Sou konnt een déi zwou Positiounen ausprobéieren an erliewen wéi et ass eng grouss Häerd mol ze leeden, respektiv ze dreiwen. De geléierte Schéifer Florian Weber hat eis am Ufank erkläert wéi mir eis wärend der Wanderung solle verhalen an op wat ee muss besonnesch oppassen.
D'Herd soll zesumme bleiwen


An effektiv ass et hannert der Häerd sportlech zougaange. Zemools wéi mir am Bësch op e schmuele Wee koumen an d'Lämmcher den Hang wollten eropgelafen.

Den Alain Klein vum "Naturpark Our" an de Claude Schiltz vu "Natur an Ëmwelt" hunn eis op der Wanderung begleet a stoungen de Leit Riet an Äntwert wat de Naturschutz ugeet an wat hir Zesummenaarbecht ass mat der Schäferei. Sou erzielt mir de Claude Schiltz datt "Natur an Ëmwelt" schonns zanter iwwer 30 Joer mat der Schaferei Weber am Eisléck zesummeschafft.
Roll vun Natur & Ëmwelt


"Natur an Emwelt" stellt der Schäferei 140 Hektar Beweedungsflächen zu Verfügung. An éischter Linn geet et drëms d'Fiichtgebidder uechter Land ze erhalen.
Schof hëllefe schwéier zougänglechen Terrain ze méien


Méinen ass awer net deen eenzege Virdeel fir d'Fiichtgebidder, déi zanter de 50er Joren zu Lëtzebuerg em 80% zeréck gaangen sinn an elo verspreet uechtert Land leien.
Florian Weber Biotoper ginn duerch d'Schof vernetzt


Schof droen esou zum Erhalt vun der Biodiversitéit bäi an düngen zousätzlech mat hirem Kot de Buedem.
De Leit huet d'Wanderung op jiddefalls gutt gefall :
Reaktiounen


Sou muncher Lämmchen huet d'Opreegung an de Wee midd gemaach a wollt just nach gedroe ginn.
Scheefchen um Aarm

All déi di un enger Schofswanderung interesséiert sinn, sollen sech bäi maachen well den Undrang grouss ass an et gi just 20 Leit pro Wanderung akzeptéiert.
De Programm mat alle Schofswanderungen fannt Dir um Internetsite vun der Wanderschéiferei Weber http://www.schaeferei-weber.lu/2018/01/neue-wanderungen-fuer-2018/.