Konferenz: Trauer bei Jugendlechen

06.06.2018 - 09:15

Wa Jugendlecher traueren, well se e Verloscht erliewen, dann hëlt dat dacks ganz aner Ausmoossen wéi bei engem Erwuessenen. Firwat dat esou ass a wéi Elteren esou Situatioune bei hirem Kand iwwerhaapt mol detektéieren an him am beschten doraus eraus hëllefe kënnen, dorëm geet et den Owend um 19h op enger Konferenz vum CEPAS.
06/06/2018 Konferenz: Trauer bei Jugendlechen

D'Joséee Masson huet virun 10 Joer zu Quebec Deuil-Jeunesse gegrënnt. En allgemeng nëtzlechen Zenter fir Kanner a Jugendlecher, déi en uerge Verloscht erlieft hunn. Sief et duerch den Dout vun engem Elterendeel, sief et duerch eng schwéier Krankheet, d'Trennung vu Mamm a Papp, eng Adoptioun... Hëllef brauchen. Well d'Konsequenze vun esou Erliefnisser op déi Jonk kënnen heiansdo ganz schwéier sinn, esou d'Josée Masson.

Josée Masson - Konsequenzen




Datt Jonker deels esou hefteg reagéieren, huet natierlech och mat der Pubertéit ze dinn. De Kierper brauch an der Phas vill Energie fir d'Entwécklung, dacks sinn déi Jonk souwisou scho vu sech aus an enger Krise Period. Wann dann nach en Elterendeel ewechfält oder ee vun de Frënn fort plënnert oder d'Frëndin, de Frënd sech trennt, da geet verléieren der vill de Buedem ënnert de Féiss

Josée Masson - firwat ass et esou schlëmm fir Jonker?



Wéi kënnen Elteren do "richteg" reagéieren fir hirem Kand ze hëllefen?

D'Schwieregkeet läit scho mol dran, de Problem vum Kand mat Zäit ze erkennen. Well d'Unzeechen stëmmen dacks mat typeschem Pubertärem Behuelen iwwerteneen. Sech ofkapselen, vill schlofen A vill Jugendlecher gi mat hire Problemer sech och net bei d'Elteren, mee drécke sech éischter an de soziale Medien aus oder schwätzen eventuell mat de Frënn driwwer. Dofir wär dee wichtegste Schlëssel net einfach hiert Verhalen ze interprétéieren, mee den Dialog sichen, seet d'Joséee Masson

Josée Masson - richtegt Verhalen vun den Elteren



An der Konferenz den Owend ginn et Rotschléi wéi een am beschten u säi Kand erukënnt a mat der Situatioun ëmgeet.

Josée Masson - Konferenz



D'Konferenz vum Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires ass den Owend um 19h bei de Franziskanerinnen um Nummer 50 an der avenue Gaston Diederich um Belair. Den Entrée ass fräi.
http://cepas.public.lu/fr/actualites/20171/conference-publique-masson-2018.html
http://www.deuil-jeunesse.com/accueil