Lokal - saisonal: Sou Schmaacht Lëtzebuerg

25.06.2018 - 09:15

"Lokal-saisonal" - esou heescht eis Theme Woch hei um Radio an op der Tëlee, wou mer Iech déi nächst Deeg eng ganz Rei Sujeten iwwer frësch Iesswueren vun hei proposéieren. Op rtl.lu. fannt Dir och e klenge mini-Site, mat alle Reportagen, engem saisonalem Kalenner an anere flotte Informatiounen ronderëm Thema. Wéi zum Beispill e Link op "sou schmaacht Lëtzebuerg.lu". Wat et mat der Säit op sech huet, erkläert d'Raphaëlle Dickes
Reportage: sou schmaacht Lëtzebuerg
Watfir frësch Wuere ginn zu Lëtzebuerg produzéiert? Bei wéi eng Bauere kann een um Haff kafen? Wéi eng Restaurante kache mat lokale Produkter?

http://www.sou-schmaacht-letzebuerg.lu/fr