Äppel a Biren amplaz vu Mëllech

28.06.2018 - 09:15

© Raphaëlle Dickes
Onsécher Wiederkonditioune maachen den Uebstubau prekär. Nawell ass den Nico Hoffmann op d'Uebst ëmgeklomm. Huet säi Betrib awer mussen diversifiéieren.
Reportage: Äppel a Biren aplaz vu Mëllech

USO:
Den nationalen Uebst Ubau ass marginal. Just ronn 1% vum Uebst, dat zu Lëtzebuerg verkaf gëtt, kënnt och vun hei. Dat huet villerlee Grënn: et ass eng Saach vun Know How, vun Onsécherheet duerch d'Wiederkonditiounen. Trotzdem gi verschidde Baueren an d'Uebst iwwer. D'Raphaëlle Dickes war esou een op Lampech besichen.

Nom Préitemer Haff muss ee siche fir en ze fannen. Op der Strooss vu Lampech op  Schuller féiert mech e Schëld riets eran. Ze gesinn ass den Haff vun hei aus net. D'Bongerten - 16 Hektar Äppel a 5 Hektar Bierebeem - schonn. En Deel dovunner op d'mannst. Vun de Mëllechkéi, déi den Nico Hoffmann fréier hat, ass just nach de Stall iwwreg. Do verbréngen haut eng 20 Päerd hir wuelverdéngte Pensioun am Fräilaf.

wéinst de Quote vun der Mëllech an d'Uebst



Äppel maache bal 90% vum nationalen Uebst Ubau aus. Eng 2.600 Tonne goufen 2014 gepléckt. Wäit hannendru koumen d'Biere mat 282 Tonnen. Dem Nico Hoffmann seng Recolte gëtt iwwer de Label "eist Uebst" verdriwwen. Domadder huet hien d'Garantie datt en net op sengem Uebst sëtze bleift. En Nodeel par rapport zu de Mëllechkéi ass allerdéngs d'Wiederofhängegkeet. Déi Erfarung huet den Uebstbauer lescht Joer nees gemaach.

2017 50% vun der Recolte duerch d'wieder verluer



Well d'Uebst vill méi kriddeleg ass wéi de Wees oder Mais, huet den Nico Hoffmann seng Precautioune geholl. 85-90% vu senge Bongerte sinn duerch Hagelschutznetzer geschützt. Nawell koum de Bauer un d'Schweessen, wéi virun e puer Wochen Knëppelsteng zu Lampech erofgaange sinn.

Netzer waren op wéi d'Knëppelsteng gefall sinn



Fir sech nach mat anere Standbeen ofzesécheren, mécht den Nico Hoffmann weiderhin e bësse Käre, Mais, Raps an Hee. Dernieft produzéiert hie vun den Äppel Viz, Schampi a Kompott. Dës Wuere verkeeft seng Fra Nathalie nieft selwer gemaachenem Gebeess, Seefen an anere lokale Produkter Samschdes klenge Buttek um Haff. Och alt mol e bësse Geméis vum eegene Feld. Dorop wëll den Nico awer net bauen.

mam Geméis gëtt et näischt op den Teller



Den Iwwergang vun der Mëllech op d'Uebst war keen einfachen a mat groussen Investissementer verbonnen. Eng Botz- Sënner a Verpakungsmaschinn huet missen hir, grad esou wéi grousse Lager Frigoen an deenen de Sauerstoff quasi ganz aus der Loft erausgefiltert gëtt, datt d'Äppel sech Méint laang halen. Ausserdeem erfuerdert d'Uebst méi Vermaartungs Kompetenze wéi d'Mëllech, déi direkt un d'Molkerei geet. Den Nico Hoffmann bereit säi Schrëtt awer guer net. Hien ass och haut nach Bauer aus Leidenschaft.

http://www.pretemerhaff.lu/